
An de fréie Moiesstonnen um Sonndeg ass enger Policepatrull e Mann an eng Fra op engem Parking um Boulevard Royal opgefall, déi sech géigesäiteg ugejaut hunn. D’Policebeamten hu béid op hiert Behuelen ugeschwat, wat dem Mann net wierklech gepasst huet. Dësen ass ëmmer méi provokativ ginn an huet sech net berouege gelooss.
Wéi dunn eng zweet Policepatrull op der Plaz ukomm ass, huet de Mann sech guer net méi akritt. Et gouf däitlech Unzeechen, dass de Mann gedronk hat an e gouf mat an den Arrest geholl, fir dass e säi Rausch ausschlofe konnt.
Ma domadder war et nach net gedoen. Wéi d’Beamten dunn d’Fra ugeschwat hunn, huet déi änlech reagéiert wéi de Mann, huet provozéiert an huet sech och net berouege gelooss. Och si gouf doropshi mat an den Arrest geholl.
E Sonndeg géint 1 Auer gouf gemellt, dass eng Persoun an der Rue de la Monnaie an der Stad eng Posch geklaut krut. D’Police konnt séier 3 Persounen ermëttelen, déi op d’Täterbeschreiwung gepasst hunn.
Zwee Mol huet d’Police e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt, dat nodeems Automobilisten ze déif an d’Glas gekuckt haten.
En Automobilist, deen op der A13 mat héijer Vitess ënnerwee war, konnt zu Diddeleng gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv.
Beim Automobilist, dee géint 4.40 Auer um Sonndeg de Moien an der Allée Scheffer an der Stad an de Géigeverkéier gefuer ass, an do och enger Policepatrull begéint ass, war et net méiglech en Alkoholtest ze maachen, well dëse refuséiert huet een ze maachen. Beim Erausklammen huet en allerdéngs schonn net méi d’Riicht behalen an hat däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum.