
Wéi d'Police RTL op Nofro hin erkläert huet, huet e Méindeg missen e Mann aus dem Waasser gerett ginn. Deemno wier de Mann reaniméiert ginn, éier hien an d'Spidol bruecht gouf.
Zeien haten RTL géintiwwer vun engem gréisseren Asaz geschwat mat e puer Policepatrullen op der Lëtzebuerger an enger op der däitscher Säit a Secouristen.