Trickdéifstall zu GréiwemaacherMann gëtt sech als Liwwerant aus a klaut Bankkaart un der Hausdier

RTL Lëtzebuerg
Zu Gréiwemaacher ass et zu engem weidere Fall vun Trickdéifstall komm. D'Bedruchsmasch, mat där virgaange gouf, ass der Police scho bekannt.
© Domingos Oliveira

E Méindeg gouf der Police op en Neits ee Fall vun enger bekannter Bedruchsmasch gemellt. Bei engem Doheem zu Gréiwemaacher an der Route de Machtum huet ee Mann sech als Liwwerant ausginn an huet uginn, ee Pak zoustellen ze wëllen. Dofir huet hie vu sengem Affer e Geldbetrag gefuerdert, deen net bor a just per Kreditkaart kéint bezuelt ginn. Doropshin huet den Täter der Persoun un der Dier een Handy an d'Hand gedréckt an dës opgefuerdert, mat engem presuméierte Virgesetzten ze schwätzen. Wärenddeem huet den Täter dann d'Bankkaart vu sengem Affer onbemierkt géint eng aner ausgetosch. Nach um selwechten Dag goufe mat der geklauter Kaart Suen opgehuewen.

Dës Bedruchsmasch ass net nei an et gouf schonn e puer Mol a leschter Zäit virdru vun der Police gewarnt. D'Police mécht an deem Zesummenhang nach eemol de Rappell, ni déi eege Bankkaart aus der Hand ze ginn an de PIN viru frieme Blécker ze schützen. Am Zweiwel sollt de Virgang direkt ofgebrach an déi concernéiert Liwwer-Entreprise iwwert déi offiziell Kontaktméiglechkeeten iwwerpréift ginn. Virun allem eeler Mënsche sollten iwwer dës Bedruchsmasch informéiert a sensibiliséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO