
Den 3. Oktober gouf et tëscht 14.24 a 14.26 Auer e Bracelet aus Gold aus engem Akafszenter an der Rue Alphonse Wecker um Kierchbierg geklaut. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no der Persoun, déi op de Fotoen, déi si publizéiert hunn, ze gesinn ass. De Mann soll grouss an dënn sinn a kuerz gro Hoer hunn. Zum Zäitpunkt vun der Dot hat de Mann eng blokaréiert Jackett mat enger Kaputz an blo Jeans un. Hien hat och e bloe Kuerf bei sech.
All d’Informatiounen zu der Persoun si fir d’Police an der Stad um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.Capitale@police.etat.lu.
Da mellt d’Police nach Abréch zu Schëffleng an an der Stad. Zu Schëffleng war den Awunner wakereg ginn, well den Abriecher d’Schief duerchwullt huet. Wéi den Onéierlechen erkannt huet, datt een doheem war, ass hie fortgelaf. D’Spueresécherung war op der Plaz. Bijouen hunn Abriecher dann an engem Méifamilljenhaus an der Stad matgoe gelooss. Och hei gouf d’Spueresécherung geruff.
Zu Fréiseng gouf dann e Mann gestoppt, deen op enger Tankstell eng Fläsch Alkohol klaue wollt. De Mann, dee staark alkoholiséiert war, gouf an Arrest, nodeem hie vun engem Dokter ënnersicht gouf. Protokoll gouf erstallt.
Näischt geklaut, mä och ze vill gedronk an aggressiv war dann e Mann um Donneschdeg den Owend op der Aire de Berchem. D’Police gouf geruff, well hei zwou Persounen um Parking matenee gestridden hunn. D’Beamten hu si, nodeem si agetraff sinn, emol vunenee getrennt. Ee vun de Männer war esou staark alkoholiséiert, datt d’Beamten e puer Mol misste verhënneren, datt e Mann op d’Fuerbunn geréit. Well de Mann eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, huet och hien d’Nuecht um Policebüro verbruecht, nodeem hie Rendez-vous bei engem Dokter hat. Och hei gouf e Protokoll erstallt.