
Eng Policepatrull ass direkt op d’Plaz gefuer an huet de Verdächtegen e puer Stroosse weider opgräife kënnen, wéi hien nees probéiert huet, an en Auto anzebriechen.
Den Täter gouf festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter gefouert.
Op Silvester gouf an engem Eefamilljenhaus an der Rue de la Libération zu Beetebuerg agebrach. Onbekannten Täter hunn d’Terrassendier opgebrach, sinn an d’Haus gaangen an hunn d’Raimlechkeete duerchsicht.
Da goufen zousätzlech Abrochfäll an der Rue de la Résistance zu Stroossen an an der Rue John Gruen zu Munneref gemellt. An deenen zwou Situatioune waren d’Leit doheem a si sinn op d’Täter opmierksam ginn, wéi dës geflücht sinn.