
Goldkette geklaut
Géint 17 Auer en Dënschdeg souz e Mann an engen Bus wéi een Onbekannten him op der Héicht vum Busarrêt "Aciérie" versicht huet, d'Kette vum Hals ze rappen. Wéi de Mann sech gewiert huet, koum eng weider Persoun, allerdéngs net fir ze hëllefen. Den zweeten Onbekannte krut d'Ketten um Enn vum Hals gezunn a béid Verdächteger si geflücht. Eng direkt ageleete Sich ass negativ verlaf. Ermëttlunge goufe lancéiert.
D'Police réit dozou, besonnesch wa méi Mënschen openeentreffen an am ëffentlechen Transport seng Ëmgéigend am Bléck ze behalen a Wäertgéigestänn net ze vill ze weisen. Et soll een och seng Täsche gutt zou halen a seng Wäertgéigestänn enk um Kierper droen.
Zwou Persoune bei Ausernanersetzung zu Ettelbréck verwonnt
Géint 18:20 Auer krut d'Police gemellt, dass et an engem Café an der Grand-Rue zu Ettelbréck zu engem Sträit tëscht enger Persoun an e puer Gäscht komm wier. Am Laf vun der Ausernanersetzung hätt de Mann een anere mat enger Fläsch op de Kapp geschloen an nach een anere mat der Fauscht an d'Gesiicht. Dono huet de Mann sech ewechgemaach, konnt awer unhand vun enger Beschreiwung méi spéit vun enger Patrull opgegraff ginn. Déi zwee Affer goufe medezinesch ënnersicht.
Abréch a Gefierer
An de leschten Deeg krut d'Police dann och nees sëllegen Abréch a Gefierer gemellt, bei deenen d'Fënsteren ageschloe goufen. An der Nuecht op en Dënschdeg war dat am Beräich Val des Bons-Malades, Rue de la Lavande, Rue Jean-Pierre Sauvage, Boulevard Prince Félix a Rue des Lilas um Kierchbierg de Fall. Owes géint 18:30 Auer dunn ee weideren Abroch nom selwechte Scheema um Boulevard Général George S. Patton zu Stroossen.
Och hei rappeléiert d'Police, dass ee keng Wäertgéigestänn sollt am Auto leie loossen an dësen och soll uerdentlech zouspären.
Mataarbechter op Tankstell verwonnt
Géint 21 Auer wollt eng Persoun op enger Tankstell an der Route d'Esch zu Hollerech eng Fläsch Alkohol klauen. Ee Mataarbechter huet dëst gesinn an ass deem Onbekannte bis bei den Auto nogaangen. Wéi dësen, de Verdächtege wollt hënneren, fortzefueren, goufe en a Stéck matgeschleeft a blesséiert. Hie koum an d'Spidol.
Den Onbekannten ass a Richtung Escher A4 fortgefuer. Eng Sichaktioun war negativ an d'Police huet d'Ermëttlungen an d'Weeër geleet.