
E Freideg de Mëtteg war d'Police géint 16:40 Auer wéinst engem geklaute Vëlo an d'Route de Luxembourg zu Waasserbëlleg geruff ginn. Duerch den Airtag um Vëlo konnten d'Beamten dës kuerz drop an der Stroossbuerger Strooss op der Gare lokaliséieren a sécherstellen.
Wärend den Ermëttlungen huet sech erginn, datt e méigleche Verdächtegen nach an der Géigend wier. Wéi d'Polizisten de Mann ugetraff hunn, hu si hie kontrolléiert. Dobäi hu si eng gréisser Quantitéit Cannabis an Haschisch fonnt a séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.