Mëssstänn beim GemengesyndikatMarc Goergen: Et ass un der nationaler Politik ze kucken, wat beim Sigi lass ass

Pit Everling
Leeft eppes schif an der Gestioun vum Gemengesyndikat Sigi? Déi Fro gëtt sech den Ament op ville Plaze gestallt.

Dat, nodeems d’Online-Plattform Reporter iwwer Mëssstänn beim Informatik-Gestionnaire vun de Gemenge bericht hat. An den Artikele geet ënner anerem rieds vun engem Klima vun der Angscht an der Intimidatioun. An der Kritik sti virun allem den Direkter Carlo Gambucci an de President Yves Wengler.

Reporter no goufe geriichtlech Suitte vu Mataarbechter an d’Weeër geleet. Parallel stellt sech d’Fro vum politesche Suivi vum Dossier. D’Pirate wollten e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun Explikatioune vun der Inneministesch Taina Bofferding. Den Deputéierte Marc Goergen war mat den Äntwerten awer net zefridden: Mir hunn de Moien dee Punkt op den Ordre du jour setze gelooss. Och wann et eng Autonomie communale gëtt, sinn hei iwwer 100 Gemenge betraff. Et ass also och un der nationaler Politik, fir ze kucken, wat do lass ass. Wann an der Press rieds ass iwwer Mobbing, Verontreiung, Problemer mam Dateschutz, dann ass dat awer schonn en nationale Sujet, deem d’Parlament sech soll unhuelen. D’Ministesch bleift op hirer Positioun, datt et si quasi näischt ugeet. Do hu mir awer eng aner Interpretatioun.

Extrait Marc Goergen

Och aus der Majoritéit komme froen. Sou huet de gréngen Deputéierte François Benoy rezent eng parlamentaresch Fro un d’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding adresséiert. Hie freet, wéi grav d’Situatioun an den Ae vun der Ministesch ass a wëll Renseignementer iwwer eventuell Kontrollen, wat déi administrativ a finanziell Gestioun vum Sigi ugeet.

Dernieft freet de grénge Parlamentarier, wat d’Ministesch da gedenkt ze maachen. D’Äntwert op déi Question parlementaire steet nach aus.

Eisen Informatiounen no verlaangen och Member-Gemengen Explikatioune vun de Responsabele vum Gemengesyndikat. Ënner anerem d’kommunal Responsabel vun Diddeleng an Dippech sollen an deem Kontext Bréiwer un de Sigi geschriwwen hunn, an deenen Opklärung gefuerdert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO