Invité vun der Redaktioun (30. Dezember): Marc Reiter"Juegd ass en Déngscht fir d'Natur"

Pierre Jans
En Dënschdeg de Moie war d'Juegd Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Reiter, Vizepresident vun der FSHCL
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Juegd wär e wichtegt Element am Klima- an Naturschutz. Dat huet de Vize-President vun der Jeeërfederatioun FSHCL en Dënschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun betount.

Juegd fir den Naturschutz

De Marc Reiter huet erkläert, et géif drëms goen, eis Bëscher ze preparéieren. Ze vill Déiere schueden de Planzen an dofir muss och de Wëldbestand regléiert ginn. Dat geet ebe just iwwert de Wee vun der Juegd. Se wär en Déngscht fir d’Natur.

De Vize-President vun der nationaler Jeeërfederatioun huet vun enger normaler Juegdsaison geschwat, déi jo nach bis Enn Januar amgaangen ass. Ufanks wären d’Bëscher nach zimmlech gréng gewiescht, wat de Jeeër d’Aarbecht méi schwéier gemaach hätt, mä um Enn dierfte si op normal Ofschoss-Zuele komme mat enge 6.000 Réi, 1.000 Hirschen a 7- bis 8.000 Wëllschwäin. Fir déi virgeschriwwe Quantitéiten z’erreechen, kéint een net op d’Klapp- respektiv Beweegungsjuegte verzichten.

De Klimawandel zitt sech awer wéi e roude Fuedem duerch d’Aarbecht vun de Jeeër, huet de Marc Reiter temoignéiert. De Bësch géif ëmmer manner séier säi Gréngs verléieren an d’Béischte géife méi laang genuch ze friesse fannen, wat hir Unzuel an d’Luucht dreift. An deem Sënn hätte Leit, déi behaapten, dass d’Jeeër ufidderen, fir méi einfach kënnen ze schéissen, net Recht. Ufiddere géif kee maachen. Et wär souwisou verbueden, esou de Vize-President vun der FSHCL.

Geschwënn nuets op der Lauer?

Am Kader vum Wëld- a Bësch-Dësch géif e grousse Konsens bestoen, fir d’Juegd an der Nuecht och ze erlaben. Dat ass eng Fuerderung vun der Jeeërfederatioun, déi et scho laang gëtt. Virop Wëllschwäi sinn nuetsaktiv. Deemno wären d’Jeeër méi effikass, wann déi Béischten ënnerwee sinn. Dofir muss d’Gesetz awer geännert ginn. De Marc Reiter ass sech bewosst, dass de legislative Wee net ëmmer dee séiersten ass. Mee hien zielt op den Ëmweltminister Serge Wilmes.

Héich Sécherheetsstandarden

D’Jeeërfederatioun géif grousse Wäert op d’Sécherheetsmesurë wärend enger Juegd leeën, betount de Vize-President op Nofro hin. Wärend der Ausbildung vun de jonke Jeeër, wär dat eng Prioritéit. Och d’Formatioune vun der FSHCL géifen en Accent op d’Sécherheet leeën, an d’Memberen drun erënneren, op wat et opzepasse gëllt. Alkohol, Drogen a Medikamenter sinn Tabu wärend enger Juegd, betount de Marc Reiter, och wann d’Federatioun keng Tester op eege Fauscht organiséiert. Fir den Ëmgang mat enger Waff gëllen déi selwecht Wäerter ewéi am Stroosseverkéier. D‘Jeeërfederatioun begréisst dat.

Präventiv géint Accidenter mat Wëld

Accidenter mat Wëld ginn et. Grad wärend der Juegdsaison. Dëst Joer net méi an net manner ewéi soss, mengt de Marc Reiter. Et wär awer wichteg, d’Automobilisten drun z‘erënneren, méi lues ze fueren, wa Juegte signaliséiert sinn. Eigentlech sollt een ëm dës Zäit souwisou méi lues maachen. D’Wëld wär moies an owes an der Dämmerung besonnesch aktiv. D’FSHCL wär och a Gespréicher mat der Regierung, fir d’Juegten nach méi kloer auszeschëlderen.

De Marc Reiter seet och: et soll ee Wëld op der Strooss net auswäichen, mee bremsen an d’Steier riicht halen. Wann ee Wëld geréit, soll een op kee Fall den Held spillen, esou de Marc Reiter. E blesséiert Déier, dat säi Liewe verdeedege wëll, ka geféierlech sinn. Et soll een d’Police ruffen.

Wëld dat ganzt Joer iwwer

De Vizepresident vun der Jeeërfederatioun huet awer zouginn, dass Juegd net nëmmen e Service ass. Et mécht de Jeeër och Freed, de ganzen Dag an der Natur ze sinn. Et wär en zäitopwännegen Hobby, well een de Revéier d’ganzt Joer iwwer an der Rei halen a sech ëm d’Infrastruktur an d’Natur muss këmmeren.

Wëld gehéiert dem Marc Reiter no op den Teller. An dat dat ganzt Joer iwwer. Et wär falsch ze mengen, dass Wëld just am Hierscht an am Wanter géif schmaachen. Iwwerdeems wär et der Federatioun och wichteg, wann eppes Sënnvolles mam Fleesch vun de Béischten, déi si schéissen, geschitt. Kooperatiounen a Campagnë mam Landwirtschaftsministère respektiv mat der Kächin an Influencerin Anne Faber, fir d’Wëld an d’Vitrinn ze stellen, wären e Succès.

Invité vun der Redaktioun: Marc Reiter, Vizepresident vun der FSHCL

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO