CHEMMat Rettungs-Exercicë besser op den Noutfall preparéiert sinn

Chris Meisch
Eemol d‘Joer gëtt am Nidderkuerer Spidol esou eng Übung organiséiert, bei där d’Personal ënner reelle Konditioune seng Reflexer test.
Op de Noutfall preparéiert sinn
Am CHEM gi reegelméisseg Exercicë gemaach, fir op den Eeschtfall virbereet ze sinn

Exercicë fir den Noutfall am CHEM

Zënter 10 Joer sinn ewell am CHEM Rettungs-Exercicer, fir adequat op en Eeschtfall preparéiert ze sinn. Eemol d‘Joer soll dat ganzt Personal un esou Übungen deelhuelen, bei där ënner reelle Konditiounen déi richteg Reflexer getest ginn: vum Ament un, wou den Noutfall geschitt, bis bei d’Zesummespill tëscht den Ekippen. D’Zil dovun ass et, d’Aarbechtsofleef ze verbesseren, potenziell Schwaachstellen z’erkennen an d’Sécherheet vu Patienten a vum Personal am Noutfall ze garantéieren.

Si trainéieren, wéi wann et ëm Liewen an Doud géif goen, well et spéider am Eeschtfall genee sou ka sinn. An esou engem Fall mussen d‘Ofleef sëtzen. Et geet drëms, d‘Reaktiounszäit, d‘Kommunikatioun an d‘Koordinatioun tëscht de Spidols-Ekippen an Noutfallsituatiounen ze verbesseren an technesch Demarchen z‘iwwerpréiwen, wéi d’Dr. Andrea de Faria, Anästhesistin a Reanimatrice am CHEM erkläert.

„Et ass esou, dass an Noutfallsituatiounen d‘Personal aus verschiddenen Abteilungen zesumme kënnt, wat sech net onbedéngt kennt. Dat heescht, hei musse mir wierklech kucken, wéi schafft een am beschten zesummen, wéi kann een eng effizient Kommunikatioun schafen, fir dass déi beschtméiglechst Patienteversuergung gemaach gëtt. An da kann een déi theoretesch Kenntnisser quasi an d‘Praxis eriwwer setzen.“

Reegelméisseg Traininge si wichteg, fir dass d‘Leit am Eeschtfall méi roueg a sécher sinn. D‘Ekippen aus der Klinik trainéieren an analyséiere Situatiounen, déi de Leit am Alldag kënne passéieren. De Verlaf vun der Simulatioun gëtt dowéinst aus der Regie vun de Formateure gesteiert an adaptéiert.

D’Zil ass, datt d’Leit sech an enger realistescher Situatioun erëmfannen, sou d’Audrey Nicholas, Infirmière a Formatrice. D‘Simulatioun besteet ënnert Anerem aus engem techneschen Deel, mee net nëmmen. Och d’Emotioune kënnen a Krisesituatiounen eng grouss Roll spillen an den Oflaf impaktéieren. Besonnesch an den Urgencen huet d’Personal dacks mat Aggressiounen oder Beleidegungen ze dinn. Och dat gëtt trainéiert, esou dass d’Personal dorop preparéiert ass. Fir dass ëmmer déi medezinesch Versuergung vum Patient am Fokus bleift.

„Oui, mais il y a aussi une grande partie que nous visons pour tout ce qui est travail sur le facteur humain. Dont notamment les émotions ou les choses non prévues, qui peuvent justement arriver en situation d’urgence, dont les agressions, et nous mettons notre maximum pour tirer parti autant du volet efficacité technique que non-technique. Autrement dit, nous travaillons également sur le facteur humain, lors de nos simulations.“

D‘Simulatioune ginn all Kéiers gefilmt, fir duerno zesummen ze kucken, wat gutt gelaf ass, a wou ee sech nach verbessere kann. D‘Participante kënnen deen Ament och soen, wat fir si manner gutt gelaf ass. Dat erméiglecht de Formateuren, den Ekippen duerno déi néideg Rotschléi ze ginn, fir spéider besser op änlech Situatioune virbereet ze sinn. D‘Ekippen hunn och dacks mat Gewaltsituatiounen, Aggressiounen a Beleidegungen ze dinn. De Michel Dewes, Chargé vun de Formatiounen:

“Wir haben in den Simulationen ja ohnehin das Thema Kommunikation, was ein ganz Wichtiges ist. Wie kann man Kommunikation optimieren? Wie kann man Abläufe in der Kommunikation optimieren. Wie kann man deeskalieren? Also das ist ohnehin schon drin, das trainieren wir auch, das wird dann auch gebrieft und gekuckt, wie habt ihr jetzt kommuniziert in dieser Situation und wie hätte das besser funktionieren können. Das ist sicherlich ein Thema was wir noch ausbauen werden in Zukunft, vor allem in Bezug auf die Probleme, die in allen Krankenhäusern , im Moment auch den Notfallaufnahmen sich abzeichnen.”

Dëst Joer ass d’Offer vum CHEM gepréift an zertifiéiert ginn. Ma op jidder Fall hätt een an de leschten 10 Joer gutt Erfarunge mat de Simulatioune gemaach. Besonnesch a Stresssituatioune wier et immens wichteg, d’Ofleef ze kennen, fir sécher a roueg kënnen ze handelen.

Um Enn bleift virun allem ee Bild hänken: Ekippen, déi zesumme schaffen a sech all Dag engagéieren, fir sech ze verbesseren a Liewen ze retten. Wat haut nach eng Simulatioun ass, ka scho muer Spidols-Realitéit sinn. Vum nächste Joer un ass et am CHEM geplangt, dass all Mataarbechter eemol am Joer un esou enger Simulatioun mussen deelhuelen.

Aggressioune gehéieren am CHEM antëscht zum Alldag

Iwwerdeems koum et an de leschte Joren am CHEM ëmmer méi dacks zu Aggressioune géint d’Spidolspersonal. Liest hei de ganzen Artikel.

Back to Top
CIM LOGO