Zu hirer 78 hu sech op Silvester dat aalt Joer ausklénge gelooss. Zanter e puer Joer gëtt dës Feier mëttlerweil vun der Ekipp organiséiert. D’Musek steet dobäi ëmmer am Vierdergrond.
Déi eeler Leit genéissen dës Stonnen a flotter Gesellschaft. Op dës Manéier brauch keen, fir de Joreswiessel eleng a sengem Zëmmer ze sinn. Tëschenduerch gouf et ëmmer nees eppes Klengs ze iessen an och fir Gedrénks war zu Wolz am Altersheem gesuergt. D’ Bewunner haten all gutt Sëtzlieder. Eng gelongen Silvesterfeier war et op dësem 31. Dezember an haut, um éischte Januar, huet bestëmmt deen een oder aneren alt eng Grëtz méi laang geschlof.