
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf der Police géint Mëtternuecht eng kierperlech Ausernanersetzung op der Schueberfouer gemellt. Éischten Erkenntnisser no war et kuerz virdrun zu engem Sträit tëscht engem Mann an engem Mataarbechter vun engem Stand komm. De Mann war, zesumme mat enger weiderer Persoun, opgefuerdert ginn, de Beräich ze verloossen. Am weidere Verlaf huet sech dunn eng kierperlech Ausernanersetzung doraus entwéckelt.
Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz komm an huet ee Mann virfonnt, dee liicht Verletzungen am Gesiicht hat an duercherneen war. Ënnert anerem ass festgestallt ginn, dass hien alkoholiséiert war. Ermëttlungen an deem Fall goufen ageleet.