Neit Policegebäi zu JonglënsterMéi modern, méi sécher a PMR-konform

Dany Rasqué
D'Police ass erëm zu Jonglënster an dat moderniséiert Iernzer Kommissariat ass elo ageweit ginn.
Bei beschtem Wieder war et eng gelongen Aweiung.
Bei beschtem Wieder war et eng gelongen Aweiung.
© Ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Facebook

Dat neit Policegebai ass op Nummer 15 op der Lëtzebuerger Strooss, also do, wou et och virdru war, mä an deem historesche Gebai ass vill passéiert, fir datt d'Police besser schaffe kann. Fir et direkt ze soen: der schéiner aler Trap aus Holz ass näischt geschitt. Op si gouf extra gutt opgepasst, well se steet ënner Denkmalschutz.

Nei ass awer zum Beispill, datt den ëffentleche Beräich an dee Beräich, dee just fir d'Police geduecht ass, kloer vunenee getrennt sinn. D'Gebai ass PMR-konform, et ginn ënnert anerem zwee nei Auditiounsraim, eng separat Waffekummer an zousätzlech Büros- a Vestiairesflächen.

D'Anne-Lyse Dick, Regionaldirektesch vun der Police am Osten:
"E Kommissariat ass méi wéi nëmmen e Gebai an enger Gemeng. Et ass sécher eng Plaz, wou d'Police schafft, mee et ass awer virun allem och eng Plaz, wou d'Bierger an d'Biergerinne mat Froen, Problemer oder och a schwierege Situatioune bei eis kommen."

D'Investitioun an d'Gebai ass dofir enorm wichteg, esou déi zoustänneg Ministesch fir d'Bâtiments publics, d'Yuriko Backes, déi d'Bedeitung vun esou Infrastrukturen explizéiert.
"D'Police mécht eng wesentlech Aarbecht fir eist Land an eiser Gesellschaft an da soll se och, ënner anerem, déi Infrastrukture kréien, déi se brauch fir kënnen eng gutt Aarbecht ze maachen, déi se och mécht.“

Den Innenminister Léon Gloden gesäit d'Renovatioun nach an engem anere Kontext: d'Police soll no bei de Leit sinn.
"Dës Regierung huet sech op de Fändel geschriwwen, d'Police no bei de Leit ze kréien, d'Police als gudden Noper vun de Leit um Terrain, visibel dobaussen, do wou d'Leit ënnerwee sinn."

Wärend der Renovatioun war d'Police fir d'éischt a Container an dono op Gonnereng an e Bürosgebai geplënnert.

De Buergermeeschter Ben Ries ass awer frou, datt se elo erëm zeréck ass.
"Grad zu Jonglënster ass et wichteg, datt d'Police present ass. Dat ass glaskloer. Mir sinn eng gréisser Gemeng vun 9.200 Awunner. Et ass dofir net schlecht, wann d'Policekommissariat hei um Territoire present ass. Et ass ee séier an der Stad an et ass een och séier zu Fëschbech beim Grand-Duc wa mol eppes ass."

Och wann de Buergermeeschter frou ass iwwert déi nei Büroen huet hie schonn en anere Projet am Kapp, nämlech eng nei gemeinsam Kasär mam CGDIS. Dat wier awer alles nach Zukunftsmusek esou de Ben Ries.

Back to Top
CIM LOGO