
Och d'Gemeng Suessem huet rezent e Schreiwes wéinst der Firma erausginn, an deem et heescht, datt an de leschten Deeg a Wochen eng Rei Leit reklaméiert hunn.
Si beschwéiere sech virun allem iwwer Kaméidi, Gestank a ganz réngen Holzstëbs ronderëm d'Kronospan. Et ass eng Situatioun déi net nei ass, dofir awer net manner akut.
Den LSAP-Schäffen Steve Gierenz seet d'Gemeng wier zënter Ouschtere méi dacks wéi soss wéinst de Belästegungen duerch d'Firma kontaktéiert ginn. Dofir gouf am Schreiwes ënnert anerem präziséiert, datt d'Leit sech offiziell kënne bei der Kronospan, beim Ëmweltministère oder via administrativ Plainte op myGuichet.lu beschwéieren.
Et soll een awer och d'Gemeng ëmmer doriwwer informéieren, well si d'Leit an deem Prozess wëll begleeden an och reegelméisseg Kontakt mat der betraffener Firma hätt.
"Mir hu reegelméisseg Austausch mat der Kronospan. Wa mir elo Doleancen oder Reklamatioune kréien dann huele mer Récksprooch mat der Kronospan fir datt mer och Äntwerte kréien an eise Bierger kënne soen, wat Saach ass. Ech géif mer wënschen, datt d'Reaktivitéit heiansdo besser wier. Datt d'Firma eis direkt géife Bescheed soen, wann eppes ass, datt mer de Bierger dat kënne soen an der Kronospan net ëmmer mussen hannendru lafen."
Dat wënscht sech och d'Biergerinitiativ aus der Gemeng Suessem, déi virun engem Joer eng Reunioun mat Vertrieder vun der Firma hat an hinnen och deemools schonn un d'Häerz geluecht huet, zur Zäit ze kommunizéieren, wann et e Problem gëtt.
Virun engem Mount war et virun allem de Kaméidi, deen d'Leit geplot huet. An Tëschenzäit huet d'Firma matgedeelt, datt dat un engem futtissen Sécherheetsventil louch op deen an der éischter Woch August e Schalldämpfer drop gesat ginn ass. D'Patrizia Arendt, d'Presidentin vun der Biergerinitiativ a fréier Gemengeconseillère fir déi Lénk fuerdert, datt d'Kronospan besser muss mat de Leit zesummeschaffen: "Mir hätte gär e Comité d'accompagnement. D'Kronospan funktionéiert elo vun 1994 un an et goufen eigentlech vun Ufank u Problemer, elo sinn se nach vill méi schlëmm. Mat Arcelor Mittal zum Beispill funktionéiert dat ganz gutt. Do gëtt transparent geschafft, do gi reegelméisseg Miessunge gemaach. Firwat net hei eng Miessstatioun maachen, well mer jo wëssen, datt mer e Problem mam Stëbs hunn. Dann huet ee Fakten an et kann een direkt reagéieren."
E Mann, dee schonn zënter 30 Joer an der Géigend vun der Kronospan wunnt, confirméiert, datt d'Situatioun mat de Joren a mat all Ausbau méi schlëmm ginn ass: "Bei mir an der Strooss si Leit, déi an Tëschenzäit mat Ouerestëpp musse schlofen. Mam Stëbs ass et an deene leschten zwee Joer däitlech méi schlëmm ginn. Doheem ze lëften ass bal onméiglech, well dono muss een nach eng Kéier botzen. Ech hunn och nach Enkelkanner, déi am Gaart spillen an dat alles anootmen an ech froe mech, ob dat gesond ass. Ech mengen net!"
D'Firma selwer huet an engem Schreiwes matgedeelt, datt nom Feier vum 12. Juli um Site d'Ëmweltverwaltung do war an eng Inspektioun gemaach huet. Et wiere keng Ofwäichungen am Zesummenhang mat Stëbs- oder Gerochsemissioune festgestallt ginn.