Réckruff vun NaassfudderMéiglech Plastiksstécker a Kazefudder vu "Coshida Selection" an Hondsfudder vun "Orlando"

RTL Lëtzebuerg
Kazen- an Hondsbesëtzer, déi hiren Déieren Naassfudder vun der Mark "Coshida Selection" oder "Orlando" ginn, sollten hir Chargë méi genee kontrolléieren.

D'Veterinärs- a Liewensmëttelautoritéit huet rifft nämlech Naassfudder fir Kazen an Hënn zréck. Dat well dora méiglech Friemkierper aus Plastik kéinte sinn. Méi genee gëtt d'Naassfudder "Patée au foie et au boeuf" vu "Coshida Selection" fir Kazen zréckgeruff an den "Agneau, pâtes et légumes en pâtée" vun "Orlando" fir Hënn zréckgeruff.

De ganzen Detail fannt Dir um Site vun der Veterinärs- a Liewensmëttelautoritéit.

Back to Top
CIM LOGO