Parquet deelt matMéiglech Fäll vu Gewalt géint Kanner a Crèche zu Péiteng

Carine Lemmer
D'Crèche gouf e Mëttwoch zougemaach, eng Enquête ass amgaangen.
© ROOS KOOLE/ANP via AFP

Déi lescht Deeg krut de Parquet, iwwert den Educatiounsministère, aus enger Crèche zu Péiteng eng Rei Virfäll gemellt. Et geet ëm méiglech coups et blessures volontaires géint Kanner ënner 14 Joer, also Gewalt géint Kanner.

En Untersuchungsriichter huet doropshin eng Perquisitioun an eng Saisie an de Gebailechkeete vun der Crèche an hirem Siège social ordonéiert.
D’Crèche gouf e Mëttwoch och zougemaach, eng Enquête ass am gaangen.

Schreiwes vum Parquet
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec des signalements relatifs à une crèche à Pétange<br>(05.02.2026)

Back to Top
CIM LOGO