Wiessel am Walfer GemengerotMichel Feidt hält no 27 als Conseiller op, Ricky Goslings-Kanters réckelt no

Dany Rasqué
Et gëtt e Wiessel am Gemengerot zu Walfer. Den CSV-Conseiller Michel Feidt huet decidéiert no 27 Joer, aus perséinleche Grënn, e Stréch ënnert seng politesch Karriär ze zéien.
Uertsschëld vun der Gemeng Walfer
© RTL-Archiv

Doriwwer huet hien de Gemengerot dës Woch informéiert. Hie war zënter 1999 am Conseil vertrueden, dovunner 6 Joer als éischte Schäffen.

Fir hie réckelt d'Ricky Goslings-Kanters no. Si ass déi nächst Gewielten op der Lëscht a war no de leschte Walen esou just net an de Gemengerot komm.

D'Vizepresidentin vun der CSV Walfer, d'Trésorière vun de Chrëschtlech soziale Fraen zu Walfer an d'Presidentin vun der Kommissioun fir de Vivre ensemble war schonn eng Kéier tëschent 1999 an 2005 am Gemengerot.

Déi gebierteg Hollännerin war deemools déi éischt auslännesch Fra, déi an e Conseil gewielt gouf. Vis-à-vis vun RTL sot si, si géif sech immens op dëst neit Mandat freeën.

Back to Top
CIM LOGO