Zanter Mëtt leschtem Joer ass de Mike Poiré President vum Nohaltegkeetsrot an en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Den Nohaltegkeetsrot beréit d'Regierung, schafft Avisen aus a soll och sensibiliséieren. Wéi nohalteg ass Lëtzebuerg an déi Lëtzebuerger Politik? Dat froe mer eisen Invité live direkt no den Noriichte vun 8 Auer.
LIVESTREAM RadioRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.