
"Mir hunn d'Recht, fir sécher Heem ze goen!" Dat hunn e Freideg den Owend Honnerte Mënschen an der Stad geruff, wéi se vum Hamilius bis virun d'Chamber gaange sinn. Datt een net sécher ass, ass net just e Gefill, mä gëtt duerch rezent Kommunikatioune vu Parquet a Police ënnermauert.
E besonnesch schlëmmen Tëschefall gouf et jo de 17. August, wéi eng Fra Nuets an der Stater Groussgaass aggresséiert gouf. De presuméierten Täter kritt ënnert anerem versichte Mord a Viol virgehäit.
Den 30. August ass e Mann enger Fra mat oppener Box duerch d'Stad nogelaf, den 20. September goufen zwou Fraen an der Zitha Strooss iwwerfall an nach en Donneschdeg krut eng Fra op der Paräisser Plaz hir Kette vum Hals gerappt.
D'ASBL "Ask for Angela" hat eng friddlech Marsch duerch d'Stad organiséiert. fir op d'Suerge vu ville Fraen a Männer opmierksam ze maachen.
D'Marsch stoung ënnert dem Motto "Mir iwwerreagéieren net, dir ënnerreagéiert." D'Terri Allington, d'Presidentin vun Ask for Angela explizéiert de Slogan a kënnt zur Conclusioun, datt d'Sécherheet vu Fraen net onbedéngt esou eescht geholl gëtt, wéi een sech dat kéint wënschen.
"Ech mengen, et ass e generelle Slogan. Ech mengen, leider ginn d'Erfarunge vu Frae vu ville Männer net gegleeft. Ech mengen, d'Autoritéiten, ouni elo op iergendeen am Speziellen mam Fanger ze weisen, reagéieren net genuch. Ech mengen, et gi vill Persounen an der Ëffentlechkeet, déi d’Sécherheet vu Fraen net onbedéngt esou eescht huelen, wéi mir eis dat géife wënschen."
Dat confirméieren d'Leit, déi op der Marsch waren, och wann dës Aussoen net representativ sinn.
"Mir ginn ni iergendwou hin, ouni ronderëm eis ze kucken, an nuets si mir besonnesch virsiichteg. An dat ass eigentlech och net normal. Ech géif einfach gären a Rou heemgoen, ouni all Kéier Angscht ze hunn, wann ech owes erausginn."
"Dat Eenzegt, wat mir e Gefill vu Sécherheet ginn huet, war, datt et a mengem Quartier vill Banken an Ambassaden ginn. Dofir ass do meeschtens Sécherheetspersonal ënnerwee. Mee ech ka mech jo net permanent op anerer verloossen."
"Et kritt een net wierklech eng Erlabnis, sech ze verdeedegen, ausser mat Wierder. Mee wéi vill huet dat schonn an der Geschicht géint Gewalt u Fraen oder Gewalt géint iergendeen gehollef? Et gëtt jo och déi eng Petitioun, fir Pefferspray z'erlaben, op d’mannst a gewësse Situatiounen. An dat géif ech schonn eng gutt Saach fannen."
"Perséinlech hunn ech zum Beispill och eng Petitioun ënnerschriwwen, fir Pefferspray ze legaliséieren. Jo. Well iergendwann wënscht ee sech, et misst een dat guer net maachen. Mee wann ech op der Strooss vun engem Mann attackéiert géif ginn – wat soll ech soss maachen? "
D'Terri Allington ass perséinlech net fir Pefferspray, well et hir och drëms geet, datt Fraen net permanent iergendeppes mussen dobäi hunn, fir sech ze verdeedegen. Si ass dovunner iwwerzeegt, datt méi präventiv misst gehandelt ginn.