De Sven Clement gëtt zou, datt ee mat manner bekannten Nimm an de Bezierker méi Lëschtestëmme wéi Käpp kéint kréien. Dat wier wouer, mee och d’Aarbecht an der Chamber déi lescht 5 Joer kéint vun de Wieler honoréiert ginn. D’Leit hätten och 2018 d’Visiounen an d’Iddie vun de Pirate gutt fonnt. Dat kéint sech widderhuelen.
De Spëtzekandidat sot op d’Fro, wie vun de 60 Kandidate prett wier fir d’Chamberaarbecht an enger Fraktioun, datt dëst déi stäerkste Lëscht vu senger Partei bis ewell wier mat 19 Gemengeconseilleren an och enger Buergermeeschtesch zu Colmer-Bierg, eng breet Panoplie u Kandidaten, déi d’Aarbecht och gutt géinge maachen.
Fir eng gerecht Steierreform ze maachen, géing et net duergoen, wéi d’CSV proposéiert, jiddwerengem seng Steieren erofzesetzen. Mat senger Partei, sou de Sven Clement, géing déi breet Majoritéit bis an d’Mëttelschicht entlaascht ginn. D’Barèmen misste bis zu engem gewëssene Punkt indexéiert ginn. Et misst een dat och kënne géigefinanzéieren. Dat géing sech da bei de méi héije Barèmen operéieren.
Enn August soll de Walprogramm prett sinn. Proposë vun de Bierger, déi ee gesammelt huet, géingen och do afléissen. Zum Beispill géing de Leit d’Gesetz iwwer d’Legaliséierung vum Cannabis Suerge maachen. Wann de Kongress d’accord wier, géing dee Feedback och säi Wee an de Walprogramm fannen.
Et wéilt een op alle Fall net à tout prix an eng nächst Regierung kommen. “Mir wëllen net dat 4. Rad sinn, wa Bündnisser zu 2 oder 3 méiglech sinn”. Och wann ee sech ka virstellen, mat der CSV, der DP, der LSAP oder deene Gréngen an eng Koalitioun ze goen, géing eng ganz staark Méiglechkeet bestoen, datt entweder déi al Regierung nees nei opgeluecht gëtt oder CSV-DP genuch Sëtz hunn, sou datt keen de Pirate géing uruffen.
“Wunnenge fir 10 Euro de Meter carré” wier keng populistesch Fuerderung, sou de Sven Clement, wann de Logementsminister an der Chamber gesot huet, dat wier nach ze vill, et kéint een dat fir manner offréieren. An deem Fall wier dat also net Populismus, mee eng realistesch Zilvirgab.
Wann een d’Gemengewalen als Stëmmungsbarometer hëlt, dann huet d’Pirateschëff den Ament Wand an de Seegelen. 19 Conseilleren a 15 Gemengen an eng éischte Kéier eng Buergermeeschtesch mat Pirate-Parteikaart. Scho virun de Gemengewalen haten d’Piraten a verschiddene Sondagë gutt ofgeschnidden. An der leschter Sonndesfro am Abrëll 2023 si se op 10 Prozent vun de Stëmmen komm, dat wiere 6 Sëtz um Krautmaart. Fir déi nach relativ jonk Partei wär dat en Dram-Resultat. 2013 sinn d’Piraten eng éischte Kéier mat an d’Walen gaang. Virun 10 Joer krute si knapp ënner 3 Prozent vun de Stëmmen. Fir e Sëtz ass dat net duergaangen. Beim zweeten Ulaf 2018 geet et duer fir direkt zwee Sëtz an der Chamber. Fir den Südbezierk gëtt de Marc Goergen a fir den Zentrum de Sven Clement an d’Parlament gewielt.
Dës Kéier ginn d’Pirate mam Slogan “Gerecht Léisungen fir Haut a Muer” an d’Chamberwalen. Haapttheme si Steierpolitik, méi Matbestëmmung fir d’Bierger an datt ëmweltfrëndlecht Verhale soll belount ginn.
Apropos Ëmweltfrëndlech. D’Piratepartei wëll ronn e Véierel vun den Gemengewal-Plakater nach eemol benotzen. Verschidden Themen gi fir de Chamberwalkampf recycléiert.
Um Sonndeg hunn d’Piraten aus dem Bezierk Osten hir Kandidate presentéiert. Grad wéi an den anere Bezierker setzt een och hei op eng Duebelspëtzt aus Mann a Fra. Alles an allem si 27 Fraen op de Lëschten, dat entspriecht engem Taux vu 45 Prozent. D’Altersmoyenne läit bei 42 Joer.