Nächste Méindeg ass déi traditionell Stater Braderie. Dëst Joer eng Woch méi spéit wéi gewéinlech. Firwat een dat decidéiert huet, schwätze mer mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband.
D’Mireille Rahmé ass haut eis Invitée vun der Redaktioun. Wéi wichteg ass haut nach d’Braderie fir d’Stater Geschäftsleit? Wéi entwéckelt sech de Commerce an der Haaptstad? Dat froe mer eis Invitée de Moie live am Interview um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.