
Géint 12:30 Auer ass op der N10 bei Maarnech a Richtung Doosber Bréck ee Motorradschauffer gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vun Ëlwen war do.
Eng Ambulanz vu Réiden op der Atert war dunn nach géint 13:46 Auer bei engem Accident op der N23 am Asaz. Hei war eng Persoun blesséiert ginn, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen.