
An de leschte Wochen ass de Summer esou richteg zu Lëtzebuerg ukomm. Nieft all de positiven Aspekter huet dës Joreszäit awer och negativ Begleeterscheinungen. Sou bréngt dat waarmt an dréchent Wieder mat sech, datt de Risiko vun enger Zeck gepickt ze ginn, an d’Luucht geet. An deem Kader huet d’Santé Informatiounen a Recommandatiounen iwwert Zecken an den Ëmgank mat de Spannendéieren erausginn. Ma een Deel dovu suergt nawell fir Diskussiounen.
An zwar wann et ëm d’Fro geet, ob Zecken, déi Hausdéieren, virun allem Hënn a Katzen, befalen, och eng potenziell Gefor fir de Mënsch kënne sinn. Wann een der Santé gleewen dierf, ass dat net de Fall. An engem Communiqué vum Donneschdegmëtteg heescht et, datt déi Zecken, déi Hausdéiere befalen, Aarte wieren, déi de Mënsch net picken an dowéinst och keng Borreliose iwwerdroe géingen. Dës Ausso huet a Medezinerkreesser nawell fir Irritatioune gesuergt, well dat duerchaus méiglech wier. Op RTL-Nofro hi war en Donneschdeg nach keng Reaktioun aus dem Gesondheetsministère ze kréien. Déi koum dunn e Freideg duerch ee Rectificatif. Doranner heescht et, datt Zecken heiansdo léiwer un Hausdéieren an heiansdo léiwer u méi grouss Déieren, dorënner de Mënsch, géinge goen. Ma et bleift een awer derbäi, datt Zecken, am Géigesaz zu Fléi, net vum Hond oder der Kaz op de Mënsch iwwerginn.
Mir hunn doropshi bei der Déierendoktesch Romi Roth nogefrot, wéi si d’Méiglechkeet aschätzt, datt eng Zeck no engem Hausdéier och ee Mënsch pickt.
“Dat hänkt natierlech e bëssi dovunner of, a wéi engem Stadium déi Zeck op deem Hond oder där Kaz war. D’Robert Koch Institut an Däitschland schreift, datt et wierklech statistesch méi heefeg virkënnt, datt Zecke mol vun enger Kaz erofkommen, souguer datt se sech nach net an der Kaz festgemaach hu fir do Blutt ze suckelen. Wann esou Zecke vun enger Kaz erofkommen, da kënne se absolut op de Mënsch kommen, mat allen Nodeeler, déi dat da fir de Mënsch kann hunn.”
Ma och wann d’Zecke schonn deelweis Blutt beim Hausdéier gesuckelt hunn, kéinte se duerchaus dono awer och nach ee Mënsch picken. Datt méi Zecke vu Kazen op de Mënsch iwwerginn, géing doru leien, datt Kaze mat manner staarke Mëttele behandelt kënne gi wéi Hënn. Mee se kéinten eben och vun Hënn iwwergoen. Mat Bléck op d’Hausdéieren, déi an der Natur ënnerwee waren, ass der Romi Roth hiren Tipp dowéinst:
“Kontrolléieren an dann déi Zecken, déi ee fënnt, effektiv esou entsuergen, datt se net nach eng Kéier aus hirem Dusel vun engem Zeckemëttel kënnen erwächen an eventuell dann dee statisteschen Ausräisser kënne sinn, deen dann awer op de Mënsch klëmmt.”
Op wéi een Expert respektiv wéi een Institut sech de Gesondheetsministère bei senge Recommandatioune baséiert, ass iwwerdeems net gewosst.