
Dës Zuelen-Attributioune kommen lo un hir Limitt, sou datt eng nei Ufanks-Zuelen-Numerotatioun agefouert gëtt. Progressiv gi lo och vun Tango a Proximus GSM-Nummere mam Ufanksblock 692 agefouert - an enger éischter Phas fir professionell Clienten. Scho bannent den nächsten Deeg wäert de Robert Schuman-Spidolsgrupp mat der neier 692-Virwal fir eenzel Nummere schaffen - do soll een also dann net verwonnert sinn, wann ee vun esou enger Nummer sollt ugeruff kréien. Tango, als Mark vun Proximus, zielt eegenen Donnéeën no eng 285.000 Clienten am Land.