Op 10 Plazen, wou et schonn eng Vertriedung gëtt oder geschwë soll ginn, kommen dann neierdéngs Leit vum Finanzministère hin. Dat hunn de Vizepremier- an Ausseminister Xavier Bettel an de Finanzminister Gilles Roth op enger Pressekonferenz matgedeelt. Et géing een der geopolitescher Entwécklung, mee och der ekonomescher Realitéit Rechnung droen.
Trotz der neier US-Strategie, fir d’EU ze dividéieren, trotz dem US-Agrëff a Venezuela an trotz den US-Revendicatioune fir Grönland, wëll d’CSV-DP-Regierung d’Liene mat den USA behalen a souguer verstäerken. De Gilles Roth huet drop higewisen, datt d’USA den Haapthandelspartner vu Lëtzebuerg a senger Finanzplaz wieren. De Xavier Bettel sot, hien hätt och d’Ambassade a Russland trotz dem Krich an der Ukrain net zougemaach. Dat Schlëmmst wier, wann een den Dialog géing ofbriechen. Hien huet awer och op d’Solidaritéitserklärung mat Dänemark higewisen: “Et kann net sinn, datt hei eng territorial Integritéit a Fro gestallt gëtt a wa mir mengen, mir géinge kuschen, just wéinst den ekonomeschen Interessien, nee!”
Um afrikanesche Kontinent gi par konter 3 Ambassaden zougemaach: Am Mali, Burkina Faso an Niger. Dat well Lëtzebuerg do net méi “wëllkomm” ass, esou den Ausseminister. Op der anerer Säit sinn am Kenia an a Südafrika nei Ambassadë virgesinn. Eng nei Ambassade zu Singapur a Südostasien, da brauch och just nach opgemaach ze ginn. Generalkonsule soll et iwwerdeems op Hongkong ginn, Mumbai an Indien, Sao Paulo a Brasilien an Austin an den USA.
An der texanescher Haaptstad, esou wéi an den US-Stied Washington, New York a San Francisco, mee och Singapur, Hongkong, Mumbai, Sao Paulo, London an d’Schwäiz gi wéi gesot och Leit vum Finanzministère detachéiert ginn, fir d’Finanzplaz op der Plaz ze verkafen. De Xavier Bettel an de Gilles Roth hu betount: d’Konkurrenz – wéi Irland, London oder Jersey – schléift net.
Siwen nei Plazen a Ministèrë ginn an den nächste Wochen ausgeschriwwen. Alles an allem géing den Ausbau vum diplomatesche Reseau iwwert déi nächst Joren 26 Milliounen Euro am Staatsbudget duerstellen – d’nächst Joer Mol 11. Mee d’Ministere sinn iwwerzeegt, datt et dem Land méi erabréngt.
De Chefdiplomat Xavier Bettel huet dann och deklaréiert, datt et an Zukunft méi Ambassadeuren “non-resident” solle ginn ewéi deen, deen et scho fir d’Ukrain gëtt. Hie sot och, hie wéilt, méi Roulement bei den Diplomaten hunn, fir datt déi net vergiessen, vu wou se kommen. Den Ausseminister huet dann och annoncéiert, datt wann et am Noen Osten eng Lëtzebuerger diplomatesch Missioun soll ginn, da wier et eng an Israel an eng a Palestina fir d’Zwou-Staate Léisung z’ënnermaueren. Lëtzebuerg huet zu Tel Aviv allerdéngs schonn en Handels- an Investment-Bureau.