Bis ongeféier 2035 kéint déi national Fluchgesellschaft mat bis zu 14 Boeing MAX–Maschinnen operéieren. Se wäre méi effizient, manner haart, méi komfortabel a méi sécher.
An déi éischt zwee Fligere wären den offizielle Startschoss fir de Renouvellement bei der Luxair. De Generaldirekter Gilles Feith ass houfreg.
"Bis Mëtt 2030er Jore wäert kee Fliger, dee gëscht nach an der Loft war, bei eis sinn. Mir sinn houfreg, well ech géif soen, dass fir d’éischt an der Geschicht vun der Luxair, d’Zukunft fir all eis Leit an eis ganz Firma geséchert ass, wat den Invest ugeet. Fir eng ganz laang Zäit.“
Den Invest vun enger Milliard Euro amortiséiert sech op 10 bis 20 Joer, esou de Luxair-CEO. Déi nei Flott wäert bestoen aus néng Embraer a sécher 12 Boeing-Fligeren – mat Optioun op zwee weiderer. Am Interview virun der Boeing 737-8 hieft och d’Transportministesch Yuriko Backes d’Virdeeler vum neie Fliger ervir. Zum Beispill huet ee Plaz fir 186 Passagéier.
"Et ass e méi grousse Fliger an d’Leit hu méi Plaz an de Kabinne fir d’Féiss an hir Valissen. Vill méi Confort fir d’Leit. Et ass och e Fliger, dee manner Kaméidi wäert maachen.“
50 Prozent manner Kaméidi, versprécht den US-amerikanesche Constructeur. Déi nei 737-8 kann eng Distanz vu gutt 5.700 Kilometer zeréckleeën a verbraucht och nach manner.
Gilles Feith:"De Käschtepunkt vum Kerosin a vun den Ofgasen, dee mir als responsabel Airline jo och bezuelen, ass ongeféier annerhallef Millioun Euro pro Joer manner. Reng nëmmen duerch dat, wat mir spueren. Dat hëlleft och, de Käschtepunkt ze maîtriséieren.“
Fir d’Airline. De Fligerticket gëtt net onbedéngt méi bëlleg.
De Gilles Feith nennt d’Personalkäschten als Grond. D’Thema Sécherheet: Op Uerder vun der US-amerikanescher Aviatiouns-Administratioun FAA mussen Honnerten nei Boeing 737 Max–Jetten ënnert d‘Lupp geholl ginn, well viregt Generatiounen alt Problemer mat klenge Rëss haten. Dorop ugeschwat, reagéiert de Luxair-Direkter esou: "Also dat do hunn ech nach ni héieren!“
D‘Representanten vu Boeing kennen d‘Direktiv aus den USA. Si schwätze vu renge Virsiichtsmoossnamen, déi Boeing och begréissen an ëmsetze géif. Méi Kontroll wär ëmmer besser. De kommerziellen Direkter fir Boeing Europa Jonas Degerth: "Mir hunn eise Sécherheets- a Qualitéitssystem weider gestäerkt. Dee gëllt an der ganzer Firma fir all méiglech Fligermodeller. Sécherheet ass eis Nummer 1 an d‘Qualitéit.“
Déi selwecht Uspréch huet d‘Luxair. "Dat ass bei Wäitem dee beschten Deal, dee mir konnte maachen.“ Seet de Luxair-Direkter Gilles Feith.