
Et gëtt eng nei Formatioun fir Médiateur-Enqueteuren am Beräich vum Mobbing. Den Institut Européen pour le développement des relations sociales huet déi Formatioun en Donneschdeg an der Handwierkerkammer presentéiert.
An 203 Stonnen iwwer 5 Méint solle Leit ausgebilt ginn fir an aller Neutralitéit, Onofhängegkeet, Onparteilechkeet a Confidentialitéit a Rigueur iwwer Fäll oder Virwërf vun Harcèlement an de Betriber z’enquêtéieren.
U wien riicht sech déi Formatioun? “U jiddereen”, esou de Gerant vum IEDRS, de Christian Bos. Et kéinte Salariéeë sech vum selwe mellen oder Betriber ee Salarié froen, fir déi Formatioun ze maachen. Betriber musse bei Verdacht vu Mobbing-Fäll entweder eng Persoun am Betrib domadder befaassen oder eben ee vu Bausse ruffen. Dem Christian Bos no kéinten och Inspekteren vun der Gewerbeinspektioun, der ITM sech fir d’Formatioun interesséieren.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo, dee bei de Aweiung vun der Formatioun dobäi war huet d’Initiativ begréisst. D’Mobbing-Gesetz vun 2023 wëll hien iwweregens zesumme mat der zoustänneger Chamberkommissioun ënnert d’Lupp huelen, esou ewéi eng Motioun viru bal 2 Joer och virgesinn huet.
Ëmfroen no, hätt Lëtzebuerg den zweet héchsten Taux vu Mobbing-Fäll an der EU.