
"Jo" zu enger Modernisatioun, "Jo" zu enger Evolutioun vum Gesondheets-System a "Jo" zu Iwwerleeungen, wéi een d'Organisatioun vun de Soine kann anescht reegelen. Mä dat alles awer net andeems just liberaliséiert gëtt an de Patient net méi am Zentrum vun allen Iwwerleeunge steet. Dat schreift d'Patientevertriedung en Dënschdeg an engem längere Communiqué.
Zum Theme Konventioun tëscht Gesondheetskeess an Doktesch-Associatioun AMMD hätt een d'Non-Conciliatioun an deem Dossier zur Kenntnis geholl an et wier ee frou, dass kee juristesche Vide entsteet an d'Remboursementer fir d'Assuréeë weiderlafen.
Et stéing ee fir en Dialog an all Evolutioun vum System, deen duerchaus néideg wier, misst ëmmer am Intressi vum Patient geholl ginn. Et dierft net zu enger Zwou-Klasse-Medezin féieren, warnt d'Patientevertriedung.