D'Decisioun vun der CSV-DP-Regierung fir de Mindestloun net iwwert den Index an den Ajustement eraus unzepassen, gefält dem Nicolas Schmit net. De fréieren LSAP-Aarbechtsminister an EU-Kommissär huet e Freideg de Moien hei op RTL der Regierung eng ganz Rei Kriticken a Reflexioune mat op de Wee ginn.
Datt de Mindestloun den 1. Januar d'nächst Joer ëm 6,3% an 170 Euro méi héich ass, ass richteg. Un der Struktur oder um Niveau vum Mindestloun géing näischt gemaach gi par Rapport zu den anere Léin. De Nicolas Schmit huet kloergestallt: "Et ass ëmmer nëmmen hannendru lafen, dat heescht, mir kucken an d'Vergangenheet an net an d'Zukunft."
Den Auteur vun der EU-Mindestloundirektiv sot, hie wier iwwerrascht, well en den Androck hätt, datt vill Leit, déi driwwer schwätzen, se "entweder net gelies hunn, oder just flüchteg oder vergiess hu wat dra steet" Den Haaptpunkt wier, datt de Mindestloun d'Aarbecht soll "honoréieren" an een en dezent Liewe soll domadder kënnen hunn. Hie war och mat der Conclusioun averstanen, datt de Manktem u bezuelbarem Wunnraum d'Haaptursaach fir de Sträit ëm de Mindestloun ass.
Ee vun den Indicateuren, fir dee sech d'Regierung och entscheed hat, ass datt de Mindestloun soll 60% vum Medianakommes entspriechen. Den Nicolas Schmit huet et als "eigentleche Skandal" bezeechent, datt d'Regierung versicht huet, d'Medianakommes erofzerechnen andeems se ufanks d'Fonction publique wollt erausrechnen, dunn de gratis ëffentlechen Transport an du Supplementen a Primmen. Saachen, déi Leit mam Mindestloun dacks net hätten.
Op d'Remarque, datt a senger Direktiv keng Methodologie virgeschriwwen ass, huet de fréieren EU-Kommissär geäntwert: "Eng Direktiv ass eng Direktiv. Dat ass net e Reglement, wou kloer a prezis dra steet, wat gëllt. Mee wa mer schwätze vun den internationale Krittären, dann ass awer ugesinn, datt wa mer vu Salaire schwätzen, eigentlech de globale Salaire gekuckt gëtt, net hei eppes erausrechnen an do eppes erausrechnen".
Des weidere misst een dem Nicolas Schmit no feststellen, datt d'Regierung mam Sozialdialog "net vill um Hutt huet", wat awer kloer an der Direktiv gefrot gëtt. D'Gewerkschaftsunioun huet eng Hausse vun iwwer 11% gefuerdert, wat dem Patronat an der Regierung no fir d'Betriber net drobar wier. Hei huet de fréieren Aarbechtsminister ënnerstrach, datt d'Gewerkschaften ëmmer d'Recht hätten, hir Revendicatiounen ze maachen. Duerno misst verhandelt ginn an a sengen Aen hätt et kënnen op eng Hausse erauslafen, déi iwwer 3 - 4 Joer progressiv géing gestreckt ginn.
D'Patronat huet och drop higewisen, datt d'Fonction publique mat engem Median vun ëm 9.000 Euro de gesamte Median an d'Luucht dréckt, iwwerdeems a Secteuren ewéi den Handwierk, den Handel an den Horeca den aktuellen onqualifizéierte Mindestloun schonn e Stéck iwwert dem Median vun deene Secteure wier. "Mir rechnen net sektoriell Medianen", esou den Nicolas Schmit.
D'Diskussioun ëm de Mindestloun wier net just eng ekonomesch, mee och eng sozial a gesellschaftlech. Hien huet d'Fro opgeworf: "Wëlle mer, datt déi ausgeschloss sinn? Bon, da hu mer eng Gesellschaft fir d'Handwierker, eng Gesellschaft fir d'Beamten, eng Gesellschaft fir d'Leit am Finanzsecteur."
De fréieren Aarbechtsminister huet dann nach betount, datt am Handwierk oder an der Industrie zum Beispill d'Leit dacks méi ewéi de Mindestloun kréien an datt manner gutt Léin dacks manner Produktivitéit als Konsequenz hätten. Hien huet och dem Handwierkssecteur Recht ginn, wann dee sech beklot, datt e keng Leit méi fënnt, mee huet hei de viregten US-President Biden zitéiert: "Pay them better", also: "Bezuelt se besser."
D'Kandidatur vum Paulette Lenert fir an de Staatsrot ze kommen, wollt den Nicolas Schmit net kommentéieren. Op d'Fro iwwert e Comeback an d'Politik huet den LSAP-Politiker geäntwert, a sengem Alter géing ee keng "Karriär-Planung" méi maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.