Um Site vun der Buerg an der FielsNo 3 Joer laange Renovatioune plënnert den Zenter fir national Monumenter a seng nei Büroen

Dany Rasqué
Et ass eng wichteg Etapp fir d'Entwécklung vum Zenter fir national Monumenter. En huet elo offiziell een administrative Sëtz um Site vun der Fielser Buerg.

An deem selwechte Gebai huet en och elo säin éischten Info-Point a säin éischte Shop opgemaach an deem ee Produiten aus deenen dräi Naturparken ze kafe kritt. Dräi Joer gouf renovéiert an e Mëttwoch war déi offiziell Aweiung.

Zenter fir national Monumenter an nei Büroen / Dany Rasque

1.000 Joer sinn et hier, datt déi éischt Mauere vun de Buerg an der Fiels gebaut goufen. Eng 500 Joer méi spéit goufe bal all d'Gebaier duerch e Feier zerstéiert an d'Ruin ass iwwer Joerhonnerten ëmmer méi verfall, bis de Lëtzebuerger Staat de Site 1979 opkaaft a renovéiert huet. Do wou elo den Zenter fir national Monumenter seng Büroen an den Info-Point mam Shop huet, war och elo erëm eng Kéier eng Renovatioun néideg an déi gouf an deenen dräi leschte Joer gemaach.

Den Direkter vum nationalen Institut fir architektonesche Patrimoine, de Patrick Sanavia:

"Dat ass elo kee risegt Gebai. Et war notamment d'Gebai vum Concierge, dee laang Joren hei gewunnt huet. D'Gebai steet op enger Plaz, déi net ursprénglech zur Buerg gehéiert huet. Déi Anlag hei ass dono befestegt ginn, nogebaut ginn, esou datt mer hei e Gebai hunn, dat e bësse méi jonk ass an dat bannendran och scho groussaarteg verännert ginn, esou dass mer eis elo do konnten austoben, och als INPA, well net méi vill Authentesches do war."

D'Saison ass eréischt a 6 Wochen ofgeschloss, mä bis elo sinn dëst Joer schonn eng 19.000 Leit um Site vun der Buerg passéiert. Dat sinn der schonn 800 méi wéi zejoert. Och déi zwee aner Sitten zu Duelem an zu Beefort hu grousse Succès. Zu Beefort, wou eng Buerg an e Renaissance Schlass stinn, goufe bis elo 38.000 Leit gezielt. De Vizepresident vum Verwaltungsrot fir national Monumenter, de Georges Rischette:

"Dir gesitt, de Patrimoine, eis Kultur a Geschicht hunn eppes ze bidden. Bei den auslänneschen Touristen a bei de lokale Leit an ech mengen dës Zuele ginn dat esou erëm. Ech weess och, datt all déi aner Sitten am Land, wéi zum Beispill Buerschent, de Schifermusée zu Uewermaartel oder d'Schlass zu Veianen och boomen a méi besicht sinn, wéi dat an deene leschte Joren de Fall war."

Den Eric Thill kan sech doriwwer duebel freeën. Als Kulturminister, mä och als delegéierten Tourismusminister.

"Dat ass allgemeng e Constat, dee mer maachen, datt wierklech déi historesch Sitten, eis Buergen, eis Schlesser, och eis archeologesch Sitte ganz gutt visitéiert ginn an dat ganz vill Leit dowéinst op Lëtzebuerg kommen. Dowéinst wëlle mer och eng Kultur-Tourismusstrategie ausschaffen, wou mer amgaange sinn, fir déi Synergien tëschent Kultur an Tourismus nach eng Kéier ze stäerken an do touristesch d'Kultur weider an de Vierdergrond ze setzen."

Dofir gëtt och weider an de Patrimoine investéiert.

D'Aarbechten an der Fiels hunn tëschent 800 an 900.000 Euro kascht, mä et hätt ee wéilte renovéieren an net just flécken, esou den Eric Thill. Vun dësen Aarbechten hätt net just den Zenter fir national Monumenter eppes, mä och all d'Leit, déi um Site passéieren. Dofir muss een och net zu Lëtzebuerg an der Vakanz sinn, well et gi reegelméisseg Aktivitéiten op der Buerg organiséiert. Zum Beispill en Afterwork am Summer oder e Wantermaart an där méi kaler Joreszäit.

E Mëttwoch war och déi nei General-Coordinatrice vum Zenter fir national Monumenter op der Aweiung. D'Ann Muller huet en Donneschdeg hiren éischte Schaffdag op hirer neier Plaz.

Back to Top
CIM LOGO