OGBL-MeetingNora Back: "Mir sinn d'Ekonomie"

RTL Lëtzebuerg
"Wann ee vun eis attackéiert gëtt, da gi se un eis all an dat loosse mer net zou", sou de Message vun der OGBL-Presidentin op engem Meeting zu Hollerech.

OGBL-Meeting / Reportage Dany Rasqué

Beim Rendez-vous en Donneschdeg den Owend waren iwwer 300 Leit vum Syndikat OGBL zesummen. Et goung ëm d’Lounpolitik, d’Aarbechtszäiten an d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen. Virop mam Beispill vum Streik bei Ampacet zu Diddeleng. “Mir sinn d’Ekonomie”, war de Message, mat deem d’OGBL-Presidentin Nora Back sech hannert d’Riednerpult gestallt huet.

“Dat sinn d’Salariéeën. Dat sinn déi Leit bei Ampacet, déi déi Beneficer generéiert hunn, déi agesäckelt gi vun den Aktionären. Dat sinn déi Leit an all de beruffleche Secteuren an all de Sozio-ekonomesche Secteuren, déi d’Aarbecht leeschten, déi de Räichtum erschaffen. Dat ass d’Ekonomie. Mir sinn d’Betriber! Ouni eis kéint dee Mehrwert net geschaf ginn. Ouni eis ginn d’Betriber och net an dat dierf net vergiess ginn.”

De Streik bei der amerikanescher Entreprise Ampacet huet sech wéi e roude Fuedem duerch de ganzen Owend gezunn a weist fir den OGBL, wéi wichteg de gewerkschaftlechen Engagement ass. De Gewerkschaftssekretär David Angel:

“D’Häerz vun eisem Engagement, eis Raison d’être als Gewerkschaft, déi sti grad zu Diddeleng virun der Ampacet an der Industriezon. Zënter véier Deeg bei null Grad a manner am Reen, am Schnéi an am Frascht.”

Et gouf Minuttelaang fir d’Salariéeë vun Ampacet geklappt a vun alle Säite gouf et Luef an Encouragement:

“Si sinn e Beispill fir eis alleguer. Si si Gewerkschaftler, wéi et am Buch steet. Si sinn déi, déi elo fir hire Kollektivvertrag astinn, mä domadder och fir all eis Kollektivverträg.”

Den OGBL ass determinéiert de Streik am Industriebetrib ze gewannen an och soss néierens kleng bäi ze ginn.

“All d’Patronen am Land waarde scho gespaant, wéi déi do Geschicht ausgeet an deene géif een ofgoen, wann dat géif schif ausgoe fir eis a wa mer dee Streik do géife verléieren. An net nëmmen d’Patronen, och hir Organisatiounen d’Fedil, d’UEL an hir Regierung. Alleguer déi géife sech freeën, wa mer dëse Streik géife verléieren a wann de Patron géif gewannen an duerchkomme mat senger Intentioun, de Kollektivvertrag einfach esou vun haut op muer ausser Kraaft ze setzen. Déi Schaffend kruten nach ni eppes geschenkt an alles, wat mer hunn, dat hu mer eis erkämpft a mir wäerten näischt dovunner kampflos opginn. Mir wäerten ëm all Cent, ëm all Indextranche an ëm all Kollektivvertrag kämpfen, sou laang a sou haart wéi et muss sinn.”

Dorunner huet och d’Presidentin vum OGBL keen Zweiwel gelooss an d’Patronen am Land gewarnt, datt se emol net op d’Iddi solle kommen, fir de Leit un hir Rechter ze goen.

Back to Top
CIM LOGO