Nei Funktioun beim 112Noutriff kënnen elo och per Videocall gemaach ginn

RTL Lëtzebuerg
Situatioune besser aschätzen a méi séier richteg reagéieren: Dat soll elo duerch Videouriff an der 112-Noutruffzentral méiglech sinn.
© CGDIS

An engem Noutfall musse séier déi richteg Moossname geholl ginn. Dofir sinn d’Operateuren an der Noutruffzentral vum 112 op Erklärungen a Beschreiwunge vum Uruffer ugewisen. An Zukunft sollen d’Operateure sech awer iwwer Videouriff e bessert Bild vun der Situatioun maache kënnen.

Wéi den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen äntwert, wier am Kader vum “European accessibility act” an der Noutruffzentral vum CGDIS viru Kuerzem “d’Funktioun vun der Videkommunikatioun (Videocall) bei Noutriff” ageriicht ginn.

Deemno kann den Operateur vum 112 dem Uruffer e Link per SMS schécken, fir den Accès op d’Kamera an de Mikro vu sengem Smartphone fräizeschalten. D’Biller an den Toun vun der Plaz ginn dann um Bildschierm an der Zentral ugewisen.

D’Funktioun wäert dem Inneminister no net d’office bei all Noutruff agesat ginn, ma just, wann d’Situatioun “et verlaangt”. D’Videofunktioun erméiglecht et dem Operateur net just, op och emol méi komplex Situatioune besser ze reagéieren, ma och bei der Éischter Hëllef ze guidéieren, bis d’Ambulanz op der Plaz ass.

Back to Top
CIM LOGO