D’Privatwënzer hunn en Dënschdeg am fréien Owend op hire Neijoerschpatt invitéiert an a ville Punkte si si mat der CSV-DP Regierung, virun allem dem Landwirtschaftsministère, zefridden.
Eng rezent Campagne mécht de Wënzer awer méi Mosaier, ewéi e schlechte Cremant.
Dry January gëtt et hei net: Zu Ohn hunn d’Privatwënzer op dat neit Joer geprost, dat mat richtegem Cremant. An d’Campagne vun der Regierung, am Januar ganz op Alkohol ze verzichten, schmaacht, grad ewéi den Domaines Vinsmoselle an der Horesca, och de Privatwënzer guer net.
De Guy Krier, President vun de Privatwënzer, erkläert: “D’Leit versti sécher, dass mir als Produzenten net doriwwer kënnen erfreet sinn. Wäin ass e kulturellt Gedrénks. De Mënsch produzéiert zanter iwwer 8.000 Joer Wäin. En huet och déi lescht Jore kengem wéi gedoen, wann een e mat Vernonft drénkt.”
De Landwirtschaftsministère an dee fir den Tourismus promouvéieren den Oenotourismus, also dee mam a ronderëm de Wäin, an d’Santé wëll déi gutt Drëps verbidden – fir d’Wënzer e Widdersproch. A schued, well se soss eigentlech zefridde mat der Regierung wären, sou de Guy Krier: “Am Dossier Bauen an der Gréngzon si mir viru komm. An der Aarbechtswelt hu mir Vereinfachungen op de Wee bruecht, virop wat Saisonsaarbechter ugeet. An et gëtt elo eng sanitär Primm fir Proprietären, déi hir Wéngerten, déi si net méi bewirtschaften, awer eraus rappen a propper halen. Dat ass wichteg.”
Den Nowuessproblem ass bei de Privatwënzer manner akut ewéi bei der Kooperativ, den Domaines Vinsmoselle. Huet déi Generatioun virdrun gutt gewirtschaft, iwwerhëlt d’Jugend gär de Betrib. Et gi sëllege Beispiller, dozou gehéiert eben dee vun de Bridder Nicolas a Mathieu Schmit vun Ohn, déi noeneen an de Betrib komm sinn an zanter 2021 d’Responsabilitéit ganz hunn.
“Eis grouss Motivatioun war wierklech, dass mir e Produit vun A bis Z kënne maachen. Mir sti mat eisem ganzen Häerz dohannert. Dat ass déi gréisst Motivatioun als Wënzer. An de Moment, de Produit zesumme mat de Clienten ze schmaachen”, betount de Mathieu Schmit.
Den administrativen Opwand wär grouss a “Work” a “Life” sinn als Wënzer eben net ze trennen. All Privatwënzer huet déi selwecht Contrainten. Deemno ass een trotz enger gewësser Konkurrenz am Veräin méi staark. Geschwë verreesen e puer Memberen an Norditalien a Slowenien, fir do nei Iddien ze sammelen. De Kalenner vun de Privatwënzer ass och 2026 gutt gefëllt.