VerschmotzungOfwaasser an d'Mess geroden
En Donneschdeg de Mëtteg gouf eng Pollutioun vum Floss bei Recken festgestallt. Wéinst engem verstoppte Kanal ass Ofwaasser an d'Mess geroden.
Verëffentlecht: 30.06.23 15:27, Update: 09.12.25 17:25
Geneeës iwwer d'Ursaach an d'Quantitéit ass bis ewell net gewosst, sou d'Waasserverwaltung. D'Responsabel vun der Verwaltung a vum Syndicat SIVEC waren op der Plaz. Déi néideg Mesurë goufen en Place gesat an op verschiddene Plaze goufe Waasserprouwe geholl.
Link: D'Schreiwes vun der Waasserverwaltung.