Echec vun TripartiteOGBL dréit den Accord net mat

RTL Lëtzebuerg
Wärend den OGBL an der Nuecht op en Donneschdeg d'Dier geklaakt huet bei den Tripartite-Negociatiounen, gëtt et vun LCGB an CGFP gréng Luucht.
OGBL dréit den Accord net mat
Wärend den OGBL an der Nuecht op en Donneschdeg d’Dier geklaakt huet bei den Tripartite-Negociatiounen, gëtt et vun LCGB an CGFP gréng Luucht.

No der Tripartite, déi ouni Accord vum OGBL op en Enn gaangen ass, mécht de Premier Xavier Bettel um Donneschdeg de Mëtteg um 14 eng Deklaratioun an der Chamber. D’Regierung wäert viraussiichtlech proposéieren, d’Indextranche vun August op den Abrëll d’nächst Joer an eventuell eng drëtt Indextranche d’nächst Joer och weider no hannen ze verréckelen. Fir de Kafkraaftverloscht ze kompenséieren, gëtt ënnert anerem de Sprit via Taxen ëm 7,5 Cent méi bëlleg gemaach an et komme Kompensatiounen ënner Form vu Crédits d’impots. Den OGBL, deen huet unilateral an der Nuecht op en Donneschdeg d’Dier geklaakt. Op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Moien zu Esch huet den onofhängege Gewerkschaftsbond kloergestallt: Et kéint ee keng Ënnerschrëft ënnert e Sozialofbau setzen.

D’Nora Back sot: “Et géing ee verstoen, datt eng Rei Betriber Schwieregkeeten hunn (awer net all) an et wier ee bereet gewiescht, d’Verréckele vun enger Indextranche z’acceptéieren... mä nëmmen Éischt an net schonn eng Zweet. Well dat scho refuséiert gouf, wier schonn eng Rout Linn vum OGBL iwwerschratt ginn.”

Da wieren awer och d’Kompensatiounsmesuren net wäit genuch gaangen. Dem OGBL gëtt vu Säite vum Patronat virgehäit, se hätte gefuerdert, datt Salairë bis zu 160.000 Euro d’Joer e Steierkredit kréichen. Dat stëmmt nëmmen zum Deel. Effektiv geet aus engem Pabeier aus de Verhandlungen, deen ons virläit ervir, datt den OGBL dat gefuerdert huet. Mä et wier och esou gewiescht, datt d’Steierkreditter scho vun 120.000 Euro un degressiv gewiescht wieren, also erofgaange bis op just nach 3 Euro. Donieft hätt den OGBL als Kompromëss acceptéiert, datt Salairë just bis 135.000 Euro e Steierkredit kréichen.

D’Nora Back sot, d’Propositioun vum OGBL hätt 900 Milliounen Euro kascht, der Regierung hir 830 Milliounen. Sou wäit wier een an hiren Ae finanziell also net auserneen. Déi Steierkreditter, sou wéi déi aner Mesuren (d'7,5-Cent-Reduktioun um Sprit oder d’Adaptatioun un der Subvention Loyer oder nach d’Primhouse) wieren eng Drëps op de waarme Steen.

Fir d’Nora Back wier d’Regierung virum Patronat an d’Knéie gaangen an hätt aus der Tripartite eng Indexdiskussioun gemaach, huet d’OGBL-Presidentin ënnerstrach. Et wier ee bereet gewiescht, Mesurë fir d’Betriber matzedroen, awer net en Accord, vun deem just d’Betriber géinge profitéieren. Et géing een de Betriber Sue schenken, andeems ee se de Leit klaut, gemengt sinn d’Käschte vun enger Indextranche.

Bei d’Iwwerschreide vun de roude Linne vum OGBL wier dann nach dobäi komm, datt hir Proposen einfach zerschmettert gi wieren. Esou zum Beispill d’Fuerderung fir eng Adaptatioun vun de Steierbarèmen un d’Inflatioun. Der Regierung wier dat ze deier gewiescht, esou d’Nora Back. Mä si sot och: Dat wier dann ze deier, well d’Leit et all déi Zäit bezuelt hunn, wou d’Barèmen net indexéiert waren.

Wann d’Regierung elo hir Responsabilitéit iwwerhëlt, wëll den OGBL maache wat en ëmmer mécht, sou d’Nora Back: Gewerkschaftlech Aktioune starten. Do wäerte se deemno wéi eleng do stoen. Déi aner Gewerkschaften LCGB a CGFP si jo wéi et schéint averstane mam Kompromëss vun der Regierung. Wat den OGBL dozou ze soen hätt, datt si sou isoléiert sinn, dozou sot d’Nora Back, et misst een déi aner froen.

Den LCGB dréit den Accord mat

Den LCGB dréit den Tripartite-Accord mat. Et misst een dat grousst Ganzt kucken, esou d’Begrënnung vum President Patrick Dury. Hie bedauert awer, dass kee gemeinsamen Accord konnt fonnt ginn. Ma d’Gewerkschaften hätte sech misse positionéieren.

Opgrond vun den Diskussiounen a senge Strukturen, hätt hien nämlech gemierkt, dass sech eng ganz Partie Leit Suerge maachen ëm hir Aarbechtsplaz, wou op eemol d’Grenz tëscht de Salariéen an de Betriber fléissend ass. “D’Leit hunn d’Gefill, dass si an engem Boot sëtzen a wann dat Boot ënnergeet, da gi si mat hirem Betrib ënner a si verléieren hir Aarbechtsplazen.” An där Situatioun wier den Accord equilibréiert. Wann een d’Enveloppe kuckt, si 600 Milliounen am Interêt vun de Leit a 435 Milliounen fir d’Verleeë vun der Indextranche ze kompenséieren. Dat wier d’Valeur vun enger hallwer Indextranche, wat net ze negligéiere wier, esou de Patrick Dury nach.

Et si ganz ongewëss Zäiten. A wann een déi déifgräifend Kris consideréiert, wier et fir d’Leit “extrem negativ gewiescht, deen Accord net unzehuelen”.

Een Net-Accord hätt da warscheinlech och geheescht, dass et keng Tripartite méi géing ginn, wat den LCGB onbedéngt hätt wëlle verhënneren. D’Regierung misst sech elo un dat halen, wat si mat de Sozialpartner ausgemaach huet. Ausserdeem wier d’Ënnerschrëft vum Accord och eng Méiglechkeet, fir de Modell vun der Tripartite ze sécheren.

Soubal sech d’Situatioun weider verschlechtert, muss d’Tripartite erëm zesummekommen, esou gesäit et den Accord vir. Dat war eng Fuerderung vun de Gewerkschaften. Dem Patrick Dury no, wier et besonnesch wichteg, dass d’Regierung net eleng gewäerde gelooss gëtt.

PDF: De Pressecommuniqué vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO