Sexuelle Mëssbrauch vu MineurenOkaju fuerdert Ofschafe vu Verjärungsfriste bei Sexualstrofdoten

RTL Lëtzebuerg
Dem Okaju no misst een awer an de Beräicher Afferschutz a Präventioun vu sexueller Gewalt méi wäit goen.

Datt sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjäregen elo als eege Strofdot am Code pénal ugesinn gëtt, wier e wichtege Message un d’Gesellschaft, dat seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit. Den Okaju huet e Freideg de Moie säin Avis zum Gesetzprojet presentéiert. A Beräicher wéi dem Afferschutz an der Präventioun vu sexueller Gewalt misst een, hirer Meenung no, awer nach méi wäit goen.

Datt d’Verjärungsfriste bei Sexualverbrieche verlängert ginn, gëtt staark vum Charel Schmit ënnerstëtzt. D’liewenslaang Konsequenze vu sou engem Verbrieche missten och e Liewe laang kënne strofrechtlech verfollegt ginn. Wann et zu engem Iwwergrëff kënnt, sollen d’Affer, dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlechen no, no hirem Temoignage an Zäit vu 24 Stonne vun engem Sozialaarbechter kontaktéiert ginn, sou wéi et bei Gewalt am Stot den Fall ass.

Verjärungsfriste bei Sexualverbriechen / Rep. Julie Frisch

De Charel Schmit betount donieft, et wier extreemst traumatesch fir Kanner, hir Aussoe widderhuelen ze mussen. Dofir sollt ee sech um skandinavesche Prinzip vum sougenannten “Barnahus” inspiréieren, dat déi wichteg Acteure wéi Police, Dokteren a Psychologen am Kand sengem Interessi matenee vernetzt.

Den Okaju ass dofir, datt Täter hiert Liewe laang net méi a Kontakt mat Mineuren a Kontakt dierfte kommen, ob berufflech oder an der Fräizäit, zum Beispill am Veräin. Dat ass den Ament net am Text virgesinn.

De Gesetzesprojet gesäit och streng Moossname géint sexuelle Mëssbrauch vu Kanner am Internet vir. Dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher no wieren awer déi meescht Acteuren am Beräich vum Kannerschutz sech eens, datt eng verstäerkten europäesch Reguléierung néideg ass, fir d’Lutte géint d’Kannermëssbrauchsmaterial am Internet ze gewannen. D’Verbriecher solle sech net hannert den Dateschutz kënne verstoppen.

PDF: Schreiwes vum Okaju

Back to Top
CIM LOGO