Brutalen Iwwerall zu HesperOp de Buedem gestouss, mam Fouss gerannt an dunn Handy geklaut krut

RTL Lëtzebuerg
E Passant gouf en Donneschdeg den Owend an der Géigend vum Postgebai zu Hesper brutal iwwerfall. E koum awer ouni Blessuren dovun.

Geschitt ass de Virfall en Donneschdeg den Owend géint 20 Auer an der Route de Thionville. An der Géigend vum Postgebai gouf e jonke Mann vun engem Onbekannten op de Buedem gestouss a mam Fouss gerannt. Doropshin huet den Ugräifer den Handy geklaut a sech a Richtung Stad aus dem Stëbs gemaach. Kuerz dorop konnt hie vun der Police mam geklauten Apparat ugetraff ginn. Eng Plainte gouf agereecht. Wéi d’Police matdeelt, wier d’Affer beim Iwwerfall net verwonnt ginn.

De selwechten Dag koum et an der Stad an der Rue d Commerce zu enger Kläpperei. An deem Kader huet d’Police e verdächtegt Gefier an der Rue Adolphe Fischer kontrolléiert. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer kee Fürerschäin an Droge consomméiert. Hie koum fir eng Blutt- an Urin-Prouf an d’Spidol. Well den Auto net verséchert war, gouf en op Uerder vum Parquet saiséiert. Ee vun de Bäifuerer huet sech iwwerdeems illegal am Grand-Duché opgehalen. Den zoustännege Service vum Ausseministère gouf doriwwer informéiert.

An der Nuecht op e Freideg war op der A6 a Richtung Belsch e Geeschterfuerer ënnerwee. Op der Héicht Mamer/Kapellen konnt d’Gefier gestoppt ginn. Den Alkoholtest ass beim Automobilist positiv ausgefall. Hien duerft säi Permis behalen. Den Auto gouf immobiliséiert.

Back to Top
CIM LOGO