Zwou Persounen an ArrestOp der Fuerbunn spadséiert a Leit ugepöbelt oder d'Rechnung am Bistro net bezuelt

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt zwee Fäll aus der leschter Nuecht aus der Stad, bei deene Persounen hu misste mat op de Policebüro kommen.
Symbolbild vun engem Lëtzebuerger Polizist.
© Laurent Weber

Déi éischt Situatioun gouf et géint 20.30 Auer op der Héicht vun der Place François-Joseph d’Argent an der Stad. Hei war e Mann zu Fouss ënnerwee, deen awer decidéiert hat, matten op der Strooss ze goen. Net nëmmen, datt hien domadder eng Gefor fir sech an d’Automobilisten duergestallt huet, mä hien huet och déi aner Persounen nach provozéiert. Eng Patrull konnt de Mann, deen däitlech ze vill gedronk hat, op enger Tankstell untreffen. Hie gouf festgeholl a koum an Arrest, nodeem hien en Dokter gesinn hat. E Protokoll gouf awer och nach erstallt, well hie wuel Gedrénks op der Tankstell matgeholl hat, ouni ze bezuelen.

Net bezuele wollt ronn eng Stonn méi spéit en anere Mann an engem Bistro um Cents. Och hei hunn d’Beamten en offensichtlech alkoholiséierte Mann ugetraff, dee sech och hinne géintiwwer net kooperativ gewisen huet an d’Polizisten och beleidegt huet. Och hie gouf mat bei den Dokter geholl, éier hien am Arrest säi Rausch ausschlofe konnt.

Back to Top
CIM LOGO