Ugrëff op InformatiksfirmaOp d'mannst 80 Dokteschcabinete vu Cyberattack op BMS Engineering betraff

RTL Lëtzebuerg
Eng Informatiksfirma, déi virop fir e sëllegen Dokteschcabinete schafft, ass Affer vun enger gréisserer Cyberattack ginn. Wéi reporter.lu e Méindeg schreift, sinn op d'mannst 80 Dokteschpraxissen dovu betraff.
En Hacker tippt op enger Computertastatur.
© AFP/Archiv/NICOLAS ASFOURI

D'Firma BMS Engineering, déi vun der Attack viséiert war, huet ënnert anerem och de Service vum Paiement immédiat direct PID bei Dokteren installéiert. Wéi Reporter schreift, riskéieren déi geschiedegt Cabineten op d'mannst en Deel vun hiren Donnéeën ze verléieren. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet dann e Méindeg de Mëtteg och schonn eng parlamentaresch Fro dozou un d'Santésministesch Martine Deprez gestallt, an där si notamment duerno freet, ob effektiv Donnéeë verluer gaange sinn, a wéi eng Léieren d‘Regierung gedenkt aus dësem Virfall ze zéien.

Back to Top
CIM LOGO