1.400 Logementer sinn hei um 11 Hektar grousse Site geplangt. 439 abordabel Wunnengen hunn d’Gemengeresponsabel vun Esch virgesinn.
3.000 néi Awunner zielt spéider déi zweetgréisste Stad aus dem Land. Op der fréierer Schmelz vun Diddeleng entstinn an den nächsten 20 Joer 1.600 Wunnenge fir 3.600 Leit. A véier Joer kéinten déi éischt Wunnenge bewunnt sinn. Mat Hëllef vu Geothermie soll den neie Site “NéiSchmelz” Diddeleng gehetzt ginn.
An zu Wolz gëtt ablécklech och äifreg geschafft. “Wunne mat der Wooltz” heescht dëse Projet. Am Summer d’nächst Joer wäerten hei déi éischt Mënsche wunnen. 1.085 Logementer si geplangt. Do, wou soss Fussball gespillt gouf oder d’Liederfabréck stoung, wunne spéider 2.500 Leit.
70 Prozent vun de Logementer ginn an d’Lokatioun. De Projet um 34 Hektar grousse Site zu Wooltz soll an 10 Joer ofgeschloss sinn.