Wéinst versichtem AbrochOp en Neits goufen dräi Mineuren zu Schraasseg placéiert

RTL Lëtzebuerg
De Parquet deelt e Freideg mat, datt op en Neits Mannerjäreger interpelléiert goufen an dräi vun hinnen an de Prisong op Schraasseg bruecht goufen.
© Domingos Oliveira

Den drëtte wier an e spezialiséierte Foyer fir Mineure komm. Wéi et vum Parquet heescht, wieren déi véier Jonker en Donneschdeg am Nomëtteg interpelléiert ginn, nodeems se an der Mëttesstonn probéiert haten zu Käerjeng an en Haus anzebriechen. Déi véier Mineure wieren de Justizautoritéiten hei am Land bekannt. Ee wier notamment schonn am Prisong gewiescht. En Donneschdeg waren op Uerder vum Parquet schonn zwee mannerjäreg Täschendéif op Schraasseg komm well d’Unisec zu Dräibuer den Ament zou ass.

Liest hei d’Schreiwes vum Parquet

Liest zu dësem Sujet och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO