Parquet deelt matZwee Mineuren zu Schraasseg placéiert, well Unisec zu Dräibuer voll ass

Joel Detaille
Zwee Mannerjäreger goufe beim Klauen erwëscht a konnte gepëtzt ginn.
© Domingos Oliveira

D’Police mécht um Donneschdeg drop opmierksam, dass d’Zuel vun Täschendéifställ an der Stad ëmmer méi zouhuelen. Virun allem an de Stroossen, awer och am ëffentlechen Transport, notamment am Tram. Dofir sinn zanter dem Ufank vum Chrëschtmaart och verstäerkt Patrullen am Asaz, déi och mat Flyeren d’Leit drop opmierksam maachen. Virun allem an de Spëtzestonnen, wann den Tram gutt gefëllt ass, géifen déi meescht Fäll registréiert ginn.

E Mëttwoch goufen an deem Kader dann och zwee Mannerjäreger gepëtzt, déi mëttes am Tram engem Affer de Portmonni geklaut haten. Op Uerder vum Parquet koumen déi Zwee an e “centre fermé”. Well d’Unisec zu Dräibuer awer voll ass, koumen déi zwee op Schraasseg. Se hu wärend dem Verhéier falsch Identitéiten uginn, déi eréischt an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Autoritéite konnte clarifiéiert ginn.

Communiqué vum Stater Parquet
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec le placement de deux mineurs (04.12.2025)

Back to Top
CIM LOGO