
Déi Negociatioune sinn néideg, well d’AMMD jo den 30. Oktober d’Konventioun mat der CNS gekënnegt huet. Déi éischt Verhandlungsronn ass am Laf vum Mëtteg, obwuel deen Zäitpunkt den Dokteren elo net ganz esou gutt passt
Ëm quasi déi selwecht Zäit wéi d’CNS d’Vertrieder aus der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere wëll gesinn, huet déi nämlech och hir ordinär Generalversammlung, mä de gesetzlechen Delai ass respektéiert. Béid Säite musse sech an den zwee Méint no der Kënnegung vun der Konventioun eng éischte Kéier gesinn. Datt déi Resiliatioun an den Ae vun der AMMD néideg war, huet hire President de Chris Roller, op Niklosdag bei eis am Background nach eng Kéier ënnerstrach.
“Dat ass jo elo keng Decisioun, déi mer liichtfankeg geholl hunn. Et ass e bëssen d’Resultat gewiescht vun der Politik. Do ass elo iwwer zwee Joer net dat geschitt, wat mir eis erwaart hunn a wat och am Walkampf versprach ginn ass.”
D’AMMD geet mat enger Rei Fuerderungen an d’Verhandlungen. Zum Beispill sollen d’Tariffer adaptéiert ginn an am Bréif, mat deem d’Konventioun gekënnegt gouf, goung Rieds vun Tarifautonomie. Revendicatiounen, déi fir de President vun der AMMD net aus der Loft gegraff sinn. “Dat sinn natierlech maximal Revendicatiounen, déi d’AMMD an deem Sënn stellt, well mir si jo elo an enger Negociatiounsphas an do muss een eragoe mat maximale Revendicatiounen.”
Dat gesäit net jiddereen esou. Och ënnert den Doktere ginn d’Meenungen do auserneen. D’Dokteren, déi eng privat Praxis hunn, fille sech zum Deel benodeelegt, am Verglach mat den Dokteren an de Spideeler an ënnert anerem déi waren net averstan mat der AMMD. D’Monique Reiff, d’Presidentin vun den MSH, den Dokteren aus dem Spidolssecteur, den éischten Dezember.
“Mir hunn effektiv elo fonnt, datt dat wat d’AMMD elo gefuerdert huet -eng Privatmedezin wou mir effektiv Angscht hunn, datt et eng Zwou-Klasse-Medezin gëtt- e Schratt ze wäit war an datt dat eisem Beruffsstand och iergendwéi geschuet huet mat deem Deontologieskodex, dee mer hunn.”
D’Dokteren zéien also elo net alleguer an déi selwecht Richtung an d’Verhandlunge riskéieren, net evident ze ginn. Dem Gesetz no muss 12 Méint no der Kënnegung en Accord fonnt ginn, wann dat net de Fall ass, läit de Ball bei der Martine Deprez. “Da gesäit d’Gesetz vir, datt de Ministère muss aktiv ginn, de Minister muss aktiv ginn, mä de Patient brauch sech keng Gedanken ze maachen. De Patient ass ofgeséchert a gëtt d’selwecht behandelt, wéi en ëmmer behandelt ginn ass an ech hoffen, datt mer all zesummen de Patient am Mëttelpunkt behalen.”
D’Martine Deprez huet och präziséiert, datt an der Konventioun virop technesch Aspekter festgehale sinn. Déi méi wichteg Froe géifen am Code de la Securité Sociale gekläert.