Background am Gespréich (6. Dezember) - Dr Berna, Martine Deprez an Dr RollerAmbulant Medezin soll net komplett vun de Spideeler lassgeléist ginn

Pit Everling
Marc Hoscheid
De President vun der AMMD, de Generaldirekter vun de Schuman-Spideeler an d'CSV-Gesondheets- a Sozialministesch waren eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

An Negociatioune muss ee mat maximale Revendicatiounen eragoen, dowéinst waren d’Bréiwer, déi ee rezent geschriwwen huet, och an der Rei, dat sot den Dr. Chris Roller, President vun der AMMD an eiser Emissioun Background. Nieft him waren och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an den Dr. Marc Berna, Generaldirekter vun de Schuman-Spideeler, d’Invitéen am Studio.

“Background am Gespréich” mam Dr Chris Roller, Dr Marc Berna a Martine Deprez

Den Dr. Marc Berna huet gemengt, datt d’AMMD deelweis Fuerderunge gestallt hätt, hannert deenen net all d’Doktere stoe géingen. Dat wier da wuel och ee Grond dofir gewiescht, datt d’AMMD deelweis nees zeréckgeruddert wier. D’Martine Deprez huet op de Koalitiounsaccord verwisen, an deem et heesche géing, datt déi konventionéiert Medezin bestoe bleiwe soll. Gläichzäiteg sollt och gekuckt ginn, wéi eng Servicer aus de Spideeler ausgelagert kéinte ginn. Dowéinst kéint een och net soen, datt d’Regierung an deene leschte Wochen hir Positioun geännert hätt.
Nach virum Enn vum Joer sollt ee Projet de loi presentéiert ginn, deen d’Grënne vun Dokteschsocietéite reegele soll. Dobäi géing ee sech um System vun den Affekoten inspiréieren.

Den Dr. Chris Roller huet ënnerstrach, datt et virun allem dorëms goe géing, d’Käschten ze reduzéieren. An ambulante Strukture géing einfach manner Personal hannendru stoe wéi an engem Spidol an dowéinst kéint ee méi bëlleg schaffen. Et sollt awer weider ee Lien mat engem Spidol bestoen, zum Beispill fir ee Patient weiderleeden ze kënnen a fir Patienteninformatiounen auszetauschen.

Den Dr. Marc Berna huet de Begrëff “extrahiospitalier” kritiséiert, et géing am Fong just “stationnaire” an “ambulatoire” ginn. D’Konzept vun de Klinicke wier, datt d’Ekippe bannent a baussent de Spideeler déi selwecht sinn. Dat fir eng gewëss Kontinuitéit a Qualitéit kënnen ze garantéieren. Den Dr. Chris Roller huet gemengt, datt eng gewëss Qualitéit net just a Spideeler garantéiert kéint ginn, et géing schliisslech international Norme ginn. Ee konkret Beispill, iwwer dat diskutéiert gouf, war dat vun de Katarakten.

D’Martine Deprez huet sech zefridden doriwwer gewisen, datt et vun der AMMD heescht, datt ee Lien mat de Spideeler bestoe bleiwe soll. Dat hätt si bis dohi sou nach net héieren. Mat Bléck op d’Katarakten hätt ee festgestallt, datt verschidden Dokteren an de Spideeler net bäikomm wieren an et duerchaus méiglech wier, esou Operatiounen och a méi klengen Entitéiten ze maachen. D’Qualitéit géing op béide Plazen d’selwecht gutt kontrolléiert ginn.

Den Dr. Chris Roller huet mat Bléck op de Cabinet op der Cloche d’Or gemengt, datt do Privatleit enteegent gi wieren an dono ee Spidolsgrupp dee Projet mat Sue vun der CNS iwwerholl hätt. Dat wollt den Dr. Marc Berna awer net sou stoe loossen. Et kéint een net vun Enteegnung schwätzen an d’Sue vum Groupe Hôpitaux Robert Schumann kéimen och net vun der CNS.

Ee Sujet war och d’Roll vun externen Investisseuren an der Medezin. Mat Bléck op d’Findelkinik kéint een der Martine Deprez no awer net vun enger Dokteschgesellschaft schwätzen. Där Meenung war och den Dr. Marc Berna, deen de Projet mat enger grousser Maison médicale verglach huet, hannert där keen externen Investisseur steet. Hie géing sech awer d’Fro stellen, ob esou eng Struktur grad bei Zänndoktere wierklech Sënn maache géing. Den Dr. Chris Roller huet beklot, datt et am Dossier vun der Findelklinik zu Amalgamme komm wier, un deenen och d’Medien net ganz onschëlleg wieren.

Et gouf och iwwer d’Sue geschwat. Den Dr. Chris Roller huet do gemengt, datt sech virun allem bei den Zänndoktere vill bei der Technik gedoen hätt, déi méi deier gi wier, wat dann och ee Grond dofir wier, datt manner bei den Dokteren hänke bleiwe géing. Den Dr. Marc Berna huet ënnerstrach, datt d’Dokteren an de Spideeler net alles finanziell gestallt kriten. Fir d’Martine Deprez besti keng Ongerechtegkeeten, wann iwwerhaapt kéint ee vun Onstëmmegkeete schwätzen, déi awer d’Resultat vu Verhandlunge wieren. Wat d’Nomenclature ugeet, géing een awer Ännerunge bei den Allgemengmedezinner ustriewen, well am Moment net all Akt iwwerholl géing ginn.

Den Dr. Chris Roller huet sech géint den Androck gewiert, datt d’AMMD den Infirmieren an de Spideeler näischt vergonne géing. Et wier awer einfach sou, datt et am Spidolswiesen ee Kollektivvertrag gëtt an d’Dokteren ëmmer nees nei mat der CNS verhandele missten. Wärend d’Zänndokteren do fir d’lescht eng Nullronn proposéiert kritt hätten, wier et bei deenen aneren Doktere grad emol eng Revalorisatioun vun 1,34 Prozent gewiescht. Den Dr. Marc Berna huet gemengt, dat géing deelweis och um Toun vun der AMMD leien.

D’Martine Deprez wollt dann net de Virworf am Raum stoe loossen, datt et bei der CNS een Interessikonflikt géing ginn. An der CNS géingen nämlech d’Vertrieder vun der Chambre des salariés sëtzen, wärend d’Kollektivverträg vun de representative Gewerkschaften aus dem Secteur ausgehandelt ginn.

Den Dr. Marc Berna, deen och President vun der Associatioun vun de Spideeler ass, huet et mat Bléck op d’Verhandlungen an der CNS iwwerdeems e bëssi problematesch fonnt, datt an der AMMD haaptsächlech Dokteren aus dem Extrahospitalier an Zänndokteren an net ganz vill Spideelsdoktere vertruede wieren an dowéinst d’Representativitéit vläicht net esou gi wier. Et kéint een awer net dovu schwätzen, datt d’Doktere gespléckt wieren. Den Dr. Chris Roller huet dann och ugekënnegt, datt een als AMMD Kontakt mat der Vertriedung vun de Spidolsdokteren MSH (Médecins Salariés Hospitaliers) ophuele wäert.

Resumé Background am Gespréich / Reportage Marc Hoscheid

Am Background am Gespréich stoung dës Kéier d'Gesondheet am Mëttelpunkt (Resumé)

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO