Secondaire Classique a GénéralOptakt vun den Ofschlossexamen um Méindeg
Am Ganze sinn 3.479 Kandidate fir d'Sessioun 2019 ageschriwwen, dorënner 1.928 jonk Fraen an 1.661 jonk Männer.
VIDEO: Secondaire Classique a Général: Optakt vun Ofschlossexamen
Am Ganze sinn 3.479 Kandidate fir d’Sessioun 2019 ageschriwwen, dorënner 1.928 jonk Fraen an 1.661 jonk Männer.
Déi Chifferen huet den Educatiounsministère d’lescht Woch bekannt ginn.
Am Secondaire Classique trieden e Méindeg de Moien 1.684 Kandidaten un an am Secondaire Général sinn et am Ganzen 1.779. Donieft presentéiere sech och 16 Schüler, déi hir Première an Owescoursen suivéiert hunn. Et sinn dat 3 Fraen an 13 Männer.
Déi schrëftlech, mëndlech a praktesch Epreuvë gi vun am Ganzen 1.224 Memberen aus deenen 198 Examenskommissiounen ausgewäert.
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi gesinn d’Schüler d’Examen
Mir wollte wëssen, wat d’Studente gutt fannen um Premiere’s Examen, wat net an natierlech, wat se spéider maachen wëllen. De Philippe Dondelinger war nofroen.
Examen: Wat fannen d'Schüler gutt a wat net
Mir ware mam Mikro an d’Schoul an hu bei de Kandidate vum Premièresexamen nogefrot.