Net eise Bréif war de Problem, mä et ass schlëmm, datt mer iwwerhaapt e Bréif hu misse maachen, fir d’Aarbecht vum fréieren Aarbechtsminister ze kritiséieren, sot en Dënschdeg de Moien den LCGB-President Patrick Dury am RTL-Interview.
D’Gewerkschaften an de Georges Mischo konnten net mateneen. D’Syndikater hunn dem Ex-Aarbechtsminister Inkompetenz reprochéiert. De Marc Spautz ass e fréiere Gewerkschaftler. “Et war mäi Chef am LCGB.” Datt mat him elo méi konstruktiv ze schaffen ass, do hätt hie keen Zweifel, sou de Patrick Dury, “De Marc huet elo liicht Spill, well méi schlëmm kann et net méi ginn”, huet den LCGB-President gemengt.
Gruef tëscht privatem an ëffentlechem Secteur gëtt ëmmer méi grouss
An de leschten zwee Joer wieren d’Gewerkschaften an och d’Acquisen am Privatsecteur a Fro gestallt ginn. Dat misst elo ophalen. De Gruef tëscht privatem an ëffentlechem Secteur géif ëmmer méi grouss ginn. Dat géif d’Gesellschaft splécken. Hien huet an deem Sënn d’Metapher vun der “Sozialer Apartheid” widderholl.
Honnerte vun Aarbechtsplaze stinn um Spill
Bei Amazon, engem vun de gréissten Employeuren am Land mat ronn 4.000 Salariéen, gi jo 370 Aarbechtsplazen ofgebaut. Bei Amazon wär déi “Hire-and-Fire"-Mentalitéit mat dran. Lëtzebuerger Outile wéi de “Plan de maintien dans l’emploi” ginn net genotzt, bedauert de Gewerkschaftspresident. D’Syndikater géife fir en anere Modell stoen: d’Leit an der Aarbecht ze halen. Et ass och kee Geheimnis, datt an der Industrie eng Rei Betriber strukturell Problemer hunn. Firme mat e puer honnert Salariéë wiere concernéiert, warnt den LCGB-President.
Median-Loun mat der Fonction publique
Muss de Mindestloun an d’Luucht goen a wéi rechent een de Median-Loun hei am Land? Natierlech mat der Fonction publique mat dran, ënnersträicht de Patrick Dury. Do wär guer keng Diskussioun. Et géif jo ëm d’Entwécklung vun de Salairen hei am Land goen. Och beim Ajustement vum Mindestloun gëtt d’Fonction publique matgekuckt.
Mindestloun 200 Euro an d’Luucht?
2024 louch dem Statec no de Median-Loun bei 58.000 Euro. Wann ee 60% dovunner hëlt als Basis fir de Mindestloun, sou wéi d’Direktiv dat virgesäit, misst de Mindestloun ronn 200 Euro méi héich sinn, huet den LCGB-President virgerechent. Scho virun den Diskussiounen iwwer d’EU-Mindestloundirektiv hunn d’Gewerkschafte gefuerdert, datt de Mindestloun ëm 10% an d’Luucht geet. Riskéieren dann net awer méi Betriber Problemer ze kréien? Dat war d’Fro un de Patrick Dury. Genee fir sou Froe wär de Lëtzebuerger Sozialmodell do, fir Léisungen ze fannen, äntwert den LCGB-President.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.