Alerte jaune vu MeteoluxPeegele vun de Flëss a Baache fale lues awer sécher, sou den Ëmweltministère

RTL Lëtzebuerg
De Reen vun e Méindeg den Owend an hënt huet derzou gefouert, dass d’Baachen an d’Flëss am Land ferme gefëllt goufen. Aktuell falen d'Peegelen nees.

De Risiko vun Héichwaasser besteet op den allermeeschte Plazen net méi.

Zu Ettelbréck beispillsweis hat d’Uelzecht e Méindeg de Mëtteg jo d’Côte de préalerte erreecht, ass zanterdeem awer nees liicht gefall. De Parking Däich ass dowéinst zanter en Dënschdeg de Moien och nees op.

Meteolux huet um Dënschdeg de Moien eng Alerte jaune erausginn wéinst de Waasserpeegelen. Den Ëmweltministère mellt, dass d’Peegelen tendenziell nees um Fale sinn.

PDF: Pressecommuniqué vum Ëmweltministère 11.2.2020 - 9 Auer

Back to Top
CIM LOGO