Drogentest war negativ, dee vum Alkohol positivPerquisitioun bei Chauffer no Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg hat et géint 01:20 Auer op der A13 a Richtung Péiteng gerabbelt.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL

Éischten Informatiounen no hat de Chauffer am Tunnel Éilereng d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a krut d'kalifornesch Mauer ze paken. De Mann gouf dobäi liicht blesséiert.

Eng Policepatrull, déi op d'Plaz geruff gouf, huet en Alkoholtest gemaach. Dëse war positiv. D'Beamten hunn donieft nach e Cannabisgeroch am Won festgestallt, e Konsum huet sech no engem negativen Drogentest allerdéngs net confirméiert. Nieft engem Kofferkabel konnt eng kleng Quantitéit Cannabis am Auto séchergestallt ginn. De Parquet gouf informéiert an eng Perquisitioun beim Chauffer doheem ordonéiert. Do goufen awer keng weider relevant Objete méi entdeckt.

De Mann koum an d'Spidol, krut de Permis ewechgeholl an e Protokoll amplaz.

Versichten Déifstall zu Esch/Uelzecht

E Méindeg den Owend gouf d'Police géint 20.10 Auer op Esch geruff, well do zwee Onbekannter eng Posch klaue wollten. D'Affer war deen Ament an engem Café an der Rue Simon Bolivar, wéi d'Posch ewechgerappt gouf a béid Täter geflücht sinn.

Eng Policepatrull konnt ee vun hinnen nach pp der Plaz stellen. Et goufen allerdéngs keng relevant Géigestänn méi fonnt. Et gouf protokolléiert an e Mann no enger Kontroll beim Dokter an de Centre de Rétention.

Back to Top
CIM LOGO