
Um kuerz no 21 Auer e Freideg den Owend soll et zu dësem Virfall komm sinn. Wéi et am 112-Bulletin heescht, hätt eng Persoun versicht sech an der Rue Erasme um Kierchbierg a Brand ze stiechen. Wei d’Police mellt, hätt et sech ëm eng Persoun gehandelt, déi ze vill gedronk hat an du versicht huet, sech mat engem Briquet selwer ze blesséieren.
D’Rettungsdéngschter konnte séier agräifen, vue dass d’Persoun “nëmme” blesséiert gouf. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad. Eng Policepatrull ass op de Mann opmierksam ginn an well hien aggressiv war gouf hien direkt mat an d’Ausniichterungszell geholl.