Mat geklauter Kreditkaart bezueltPersoun konnt no Zeienopruff identifizéiert ginn - Police seet Merci

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Virfall an der Stad hat d'Police no Leit gesicht, déi Informatiounen zu enger Persoun hunn.

D'Police hat no der Identitéit vun der Persoun gesicht, déi op Fotoen ze gesi war. Dës hat en Donneschdeg, de 16. Juli 2026 géint 18:13 Auer am "CFL Cactus Shoppy" op der Place de la Gare an der Stad eng geklaute Kreditkaart benotzt.

Den Zeienopruff vun e Méindeg huet dann och Friichte gedroen, well en Dënschdeg de Moien huet d'Police matgedeelt, dass d'Persoun konnt identifizéiert ginn. D'Police seet Merci fir d'Zesummenaarbecht.

Back to Top
CIM LOGO